Europa-League-QualifikatiounPéiteng an Déifferdeng no Néierlag eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend huet d'Union Titus Péiteng mat 0:2 a Gibraltar de Kierzere gezunn. Déifferdeng verléiert 0:3 géint Zrinjski Mostar.
© Archiv

Am 1. Tour vun der Qualifikatioun fir d’Europa League waren en Donneschdeg den Owend d’Union Titus Péiteng an den FC Déifferdeng 03 gefuerdert. Um Enn huet Péiteng aus dem Grand-Duché sech missen auswäerts mat 0:2 géint Lincoln Red Imps geschloe ginn. An der 36. Minutt war d’Lokalekipp duerch e Gol vum Casciaro mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 58. Minutt hat den Hernandez d’Chance op 2:0 ze setzen, ma hien huet den Eelefmeter net verwandelt. Fir d’Schlussresultat huet dunn de Yahaya an der 5. Minutt vun der Nospillzäit gesuergt. Péiteng verléiert domadder mat 0:2 an ass nom 1. Tour eliminéiert. Wéinst der Corona-Pandemie gëtt nëmmen ee Match gespillt.

Dem FC Déifferdeng 03 ass et en Donneschdeg den Owend dann och net besser ergaangen, si zéie mat 0:3 de Kierzere géint Zrinjski Mostar aus Bosnien Herzegowina. D’Ekipp aus dem Minett huet auswäert gespillt. An der 14. Minutt schonn ass den 1:0 fir d’Lokalekipp gefall, dat duerch de Jakovljevic. An der 22. Minutt dunn ass schonn de nächste Gol fir d’Géigner vun Déifferdeng gefall. De Stojkic huet den 2:0 fir seng Ekipp markéiert. No der Paus goung et dunn net besser weider fir Déifferdeng an den 3. Géigegol ass an der 80. Minutt vum Ivancic markéiert ginn. Och Déifferdeng ass nom 1. Tour schonn aus der Europa-League-Qualifikatioun eliminéiert.

E Mëttwoch den Owend hat sech de Progrès Nidderkuer fir deen zweeten Tour vun der Europa-League-Qualifikatioun qualifizéiert. Si hate sech zu Uewerkuer mat 3:0 géint Zeta behaapt.

Back to Top
CIM LOGO