Olympesch SpillerPeres Jepchirchir séchert sech Gold am Marathon

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg gouf et bei den Olympesche Spiller zu Tokio am Marathon ee kenianeschen Doublé.
© RTL

Virun den Aen vum IOC-President Thomas Bach an dem President vun der internationaler Liichtathletikfederatioun Sebastian Coe huet sech déi fréier Weltmeeschterin am Semi-Marathon Peres Jepchirchir Gold am Marathon geséchert. Si huet sech mat enger Zäit vun 2:27.20 virun der Weltrekordlerin Brigid Kosgei (2:27.36) duerchgesat. Bronze war fir d’US-Amerikanerin Molly Seidel (2:27.46).

D’Weltmeeschterin Ruth Chepngetich huet opginn, d’Rio-Olympiagewënnerin Jemima Sumgong (béid Kenia) ass wéinst Dopping a Manipulatioun nach bis 2027 gespaart.

Iwwer 10.000 Meter huet sech d’Sifan Hassan eng weider Goldmedail geséchert. D’Hollännerin war och schonn iwwer 5.000 Meter déi Séierst. Si ass eng Zäit vun 29:55.32 gelaf. D’Kalkidan Gezahegne aus dem Bahrain huet Sëlwer gewonnen (29:56.18) a Bronze war fir d’Ethiopierin Letesenbet Gidey (30:01.72).

© RTL

Back to Top
CIM LOGO