Internationale FuttballPerfekte Comeback fir de Cristiano Ronaldo bei Manchester United

RTL Lëtzebuerg
Mat 4:1 huet sech ManUnited um Enn géint Newcastle United behaapt.
© AFP

No der Paus wéinst der WM-Qualifikatioun ass e Samschdeg nees an de Championnater an Europa de Ball gerullt.

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Bundesliga ze kommen.

Premier League

Manchester United - Newcastle United 4:1
1:0 Ronaldo (45"2'), 1:1 Manquillo (56'), 2:1 Ronaldo (62'), 3:1 Fernandes (80'), 4:1 Lingard (90+2')

E perfekte Retour gouf et fir de Cristiano Ronaldo bei Manchester United. Bei sengem éischte Match am Old Trafford huet de Portugis direkt zwee Goler markéiert a konnt sech mat sengem neie Veräin iwwert eng kloer 4:1-Victoire géint Newcastle United freeën. ManUnited huet an der provisorescher Tabell duerch dëse Succès d’Féierung iwwerholl.

Crystal Palace - Tottenham Hotspur 3:0
1:0 Zaha (75'), 2:0 Edouard (84'), 3:0 Edouard (90+3')

Keng Punkte gouf et e Samschdeg um 4. Spilldag fir Tottenham. D’Spurs waren op Besuch bei Crystal Palace an hu sech do misse mat 0:3 geschloe ginn. D’Lokalekipp huet an de leschte 15 Minutten den Ënnerscheed gemaach. Nodeems den Zaha säi Veräin an der 75. Minutt mat 1:0 a Féierung bruecht hat, huet den Edouard duerch zwee weider Goler fir d'3:0-Victoire gesuergt. Duerch déi éischt Néierlag an dëser Saison huet Tottenham d’Tabellespëtzt missen u Manchester United ofginn.

FC Arsenal - Norwich City 1:0
1:0 Aubameyang (66')

Leicester City - Manchester City 0:1
0:1 Silva (62')

Chelsea - Aston Villa 3:0
1:0 Lukaku (15'), 2:0 Kovacic (49'), 3:0 Lukaku (90+3')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

SSC Neapel - Juventus Turin 2:1
0:1 Morata (10'), 1:1 Politano (57'), 2:1 Koulibaly (85')

Den SSC Neapel huet och seng drëtt Partie an dëser Saison gewonnen. Fir de Rekordchampion Juventus bedeit d'1:2-Néierlag dogéint een historeschen Negativwäert. No der Saison 2015/2016 ass déi al Damm fir d’zweete Kéier an den éischten dräi Matcher vun der Saison ouni Victoire bliwwen.

Neapel huet d’Juve, bei där nieft dem Chiesa eng Partie Nationalspiller gefeelt hunn, am Ufank reegelrecht widder d’Mauer gespillt. D’Haushären haten deels e Ballbesëtz vun 80 Prozent. An der 10. Minutt hu se sech dunn awer e kapitale Feeler geleescht an esou sinn d’Gäscht mat 1:0 duerch de Morata a Féierung gaangen. Bis d’Paus ass et den Neapolitaner net gelongen, fir hir (Ball)-Dominanz a Goler ëmzemënzen. No der Paus huet Neapel et du besser gemaach an esou konnt ee sech no Goler vu Politano a Koulibaly mat 2:1 duerchsetzen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

PSG - Clermont Foot 4:0
1:0 Herrera (20'), 2:0 Herrera (31'), 3:0 Mbappé (55'), 4:0 Gueye (65')

Keng Problemer hat e Samschdeg um 5. Spilldag an der Ligue 1 de PSG géint Clermont Foot. No engem Doublé vum Herrera hunn den Mbappé an de Gueye fir d'4:0-Schlussresultat gesuergt.

FC Lorient - Lille 2:1
1:0 Laurienté (7'), 1:1 Yilmaz (25'), 2:1 Moffi (87')

Fir de franséische Champion Lille leeft et dës Saison weider net ronn. Um 5. Spilldag gouf et schonn e Freideg eng 1:2-Néierlag zu Lorient. Den decisive Gol huet de Moffi an de leschte Minutte geschoss.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO