
Géint de VfL Wolfsburg hu sech d’Breisgauer e Freideg den Owend mat 2:0 behaapt. Dobäi stoung virun allem den Nils Petersen am Fokus. De 34 Joer ale Futtballer huet bei sengem leschten Heemmatch fir Freiburg den decisiven 2:0 an der 75. Minutt markéiert. Kuerz virdrun hat de Christian Günter d’Heemekipp mat 1:0 a Féierung bruecht. De Petersen zitt um Enn vun der Saison e Schlussstréch ënnert seng Karriär.
An der provisorescher Tabell huet Freiburg elo genee wéi Union Berlin 59 Punkten um Konto. Union steet aktuell op der 4. Plaz, wat d’Qualifikatioun fir d’Champions League bedeit.
LINK: Den Iwwerbléck vun der BundesligaAn der franséischer Ligue 1 huet Olympique Lyon mat 3:1 géint Monaco gewonnen. Duerch dës Victoire um 36. Spilldag bleift Lyon an der Course ëm déi international Plazen. Monaco huet et dogéint verpasst, d’Qualifikatioun fir d’Europa League fréizäiteg kloer ze maachen. Monaco war duerch een Eelefmeter vum Ben Yedder an der 2. Minutt a Féierung gaangen. Duerch Goler vu Lacazette (38'), Caqueret (57') a Cherki (78') konnt Lyon de Match awer nach dréinen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Primeira Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Pro League