Schi AlpinPetra Vlhova mat Victoire am Slalom zu Kranjska Gora

RTL Lëtzebuerg
D'Slowakin setzt sech virum Wendy Holdener aus der Schwäiz an dem Katharina Truppe aus Éisträich duerch. D'Mikaela Shiffrin ass net un den Depart gaangen.

Bei den Damme stoung um Sonndeg de Slalom zu Kranjska Gora a Slowenien um Programm. Zum Schluss war et d’Petra Vlhova, dat sech mat engem Virsprong vun 0.24 Sekonnen virum Wendy Holdener duerchgesat huet. Op déi drëtte Plaz ass d’Katharina Truppe mat engem Retard vun 0.89 Sekonne komm.

An der leschter Descente vum Dag huet et eigentlech net dono ausgesinn, dass d’Petra Vlhova hir drëtt Victoire hannertenee feiere kann. Mat méi wéi enger Sekonn Virsprong war d’Anna Swenn Larsson um beschte Wee d’Victoire mat Heem ze huelen, éier d’Schwedin just fënnef Goler viru Schluss gefall an domat ausgescheet ass.

D’Mikaela Shiffrin ass e Sonndeg zu Kranjska Gora net un den Depart gaangen, dat nodeems hire Papp viru Kuerzem gestuerwen ass. US-Medie mellen dass et méiglech ass, dass d’US-Amerikanerin virun der Weltcup-Finall net méi zréck kënnt. Am Moment steet d’Shiffrin am Klassement, mat engem Virsprong vun 113 Punkten virum Federico Brignone aus Italien, op der 1. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO