Schi AlpinPetra Vlhova séchert sech de Slalom zu Are

RTL Lëtzebuerg
Am Schi-Alpin-Weltcup stoung e Freideg e Slalom bei den Dammen um Programm.
© AFP (Archiv)

D’Petra Vlhova huet e Freideg am Schi Alpin de Slalom zu Are a Schweden gewonnen. D’Slowakin huet sech no zwee Duerchgäng mat engem Virsprong vun 20 Honnertstel virun der Weltmeeschterin Katharina Liensberger aus Éisträich behaapt. Op déi drëtte Plaz ass d’US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin gefuer. Si hat e Réckstand vu 64 Honnertstel.

Duerch hir sechste Victoire an dëser Saison huet d’Vlhova net nëmmen hire Virsprong am Slalom-Weltcup ausgebaut, ma och d’Féierung am Gesamtweltcup iwwerholl.

Back to Top
CIM LOGO