
Bei den Hären stoung e Sonndeg de Riseslalom zu Alta Badia um Programm an do konnt sech no 2 Leef de Fransous Alexis Pinturault mat engem Virsprong vu 7 Honnertstel duerchsetzen. Fir déi grouss Iwwerraschung huet awer den 20 Joer jonken Norweger Atlie Lie McGrath gesuergt, deen am 2. Laf vun der 4. op déi 2. Plaz konnt no vir fueren an huet sech domadder seng 1. Plaz um Podium geséchert. Drëtte gouf de Schwäizer Justin Murisier mat engem Réckstand vu 24 Honnertstel.
Am Super-G bei den Dammen zu Val d’Isère a Frankräich war et d’Tschechin Ester Ledecka déi sech um Enn mat enger iwwerzeegender Leeschtung duerchsetze konnt. Mat engem knappe Retard vun 3 Honnertstel koum d’Schwäizerin Corinne Suter op déi 2. Plaz. Mat engem Réckstand vun 35 Honnertstel koum d’Italienerin Federica Brignone op déi 3. Plaz.