Schi AlpinPinturault dominéiert Riseslalom zu Adelboden

RTL Lëtzebuerg
De Fransous huet sech kloer virum Filip Zubcic an dem Marco Odermatt behaapt.
© AFP

Den Alexis Pinturault huet e Freideg beim Schi-Alpin-Weltcup zu Adelboden an der Schwäiz d’Konkurrenz am Riseslalom deklasséiert. Bei beschtem Wieder an enger perfekt preparéierter Pist louch de Fransous schonn nom éischten Duerchgang kloer a Féierung. Och am zweeten Duerchgang ass dem Pinturault eng perfekt Course gelongen. Um Enn huet hie sech mat engem Virsprong vun 1,04 Sekonnen op de Kroat Filip Zubcic d’Victoire geséchert. Drëtte gouf de Schwäizer Marco Odermatt, dat mat engem Réckstand vun 1,11 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO