KaratePola Giorgetti klasséiert sech op déi gutt 7. Plaz

RTL Lëtzebuerg
Zu Kairo ware de Weekend iwwer d'Lëtzebuerger Karate-Team am Asaz.
© Karate - Luxembourg National Team

D’Pola Giorgetti huet alt nees eng ganz gutt Prestatioun gewisen a kennt zu Kairo bei der “K1 Series A” op déi gutt 7. Plaz.

Fir d’Laura Hoffmann ass et dogéint net esou gutt gelaf. Sie huet um Samschdeg géint Maria Depta aus Polen de Kierzere gezunn, hat et awer mat enger staarker Géignerin ze dinn.

De Yanis Tamim war iwwerdeems e Samschdeg an der “Kumite -67kg” am Asaz. Nodeems hie géint de Kacper Rodak gewanne konnt war dunn am zweete Kampf géint de Hassan Akeed aus Ägypten awer Schluss.

Back to Top
CIM LOGO