Dat deet wéiPolnesche Futtballer brécht sech selwer d'Nues... mam Knéi!

RTL Lëtzebuerg
Beim Match an der 1. polnescher Liga tëscht LKS Lodz an Arka Gdynia huet sech de Maciej Dabrowski op kuriéis Aart a Weis d'Nues gebrach.
© Screenshot Twitter

De Verdeedeger vu Lodz wollt u sech am géigneresche Strofraum de Ball op de Gol schéissen. Hien huet de Ball allerdéngs net getraff, mä dofir ass hie mat sengem Knéi a seng Nues gerannt.

Den Dabrowski huet missen ausgewiesselt ginn. Polnesch Medie mellen, dass hie sech bei där Aktioun selwer d’Nues gebrach hätt.

Back to Top
CIM LOGO