Nations LeaguePortugal den éischte Gewënner vun der Nations League

RTL Lëtzebuerg
Portugal klappt Holland an der Finall mat 1:0 an ass domadder den éischte Gewënner vun der Nations League.
© afp

An der éischter Halschent goufen d’Spectateuren net grad mat spektakulärem Futtball verwinnt an hunn och net immens vill Chance gesinn. Zemools vun den Hollänner ass net vill komm an hate keng richteg Golchancen. D’Portugiesen waren déi méi dominant Ekipp an haten och e puer Chancen.

An der 12. Minutt war et de Bruno Fernandes deen aus 18 Meter mat lénks ofgezunn huet an an der Mëtt huet de William Carvalho de Ball sou just mam Kapp verpasst huet fir de Ball ze deviéieren. Wär en do dru komm dann hätt et wahrscheinlech 1:0 gestaangen. An der 30. Minutt war et nees eng kéier de Fernandes dee mat engem Schoss aus 25 Meter probéiert huet mee dee Schoss konnt de Cillessen paréieren. Mee sos war et dann och schonn mat Golchancen an der éischter Halschent wat och weist dat et net de beschte Match war.

VIDEO: Déi bescht Zeenen aus der 1. Hallschent
Onkommentéiert Bildmaterial.

Aus der Paus eraus hunn d’Hollänner dann awer en anert Gesiicht gewisen an hu vill méi direkt no vir gespillt. An der 50. Minutt konnt de Promes eleng op de Rui Patricio zoulafen mee dësen konnt e schwaache Lupfer paréieren. Allerdéngs hat den Arbitter och op Abseits entscheet. No 57 Minutten war et en ofgefälschte Schoss vum Depay deen de Rui Patricio um kuerzen Eck konnt paréieren.

3 Minutten drop ass Portugal dann awer mat 1:0 a Féierung goen. Virum Strofraum huet de Bernardo Silva mat vill Iwwersiicht op de Guedes ofgeluecht, deen zitt aus 17 Meter an de laangen Eck of, den Cillessen war nach drun mee konnt de Gol awer net verhënneren.

© afp

D’Hollänner wollten sech awer net einfach esou geschloe ginn an hunn weider no vir gespillt sou dat den Depay no 65 Minutten eng gutt Chance mat engem Kappball hat mee e war e bëssen ze onplazéiert a soumat war et nees eng Kéier de Rui Patricio dee paréiert huet.

Dono hunn d’Gäscht weider dominéiert mee hunn de Wee an de Gol net fonnt, well se an der Schlussphas och keng héichprozenteg Chancë méi konnten erausspillen.

VIDEO: Déi bescht Zeenen aus der 2. Hallschent
Onkommentéiert Bildmaterial.

Am Match ëm déi 3. Plaz konnten d’Englänner mat 6:5 no Eelefmeterschéissen géint d’Schwäiz gewannen. Den Held dobäi war de Golkipper vun den Englänner, Jordan Pickford, deen als éischt selwer markéiert huet an dono den entscheedenden Eelefmeter vum Josip Drmic paréiert huet.

Back to Top
CIM LOGO