Coronavirus beaflosst de SportPSG-Dortmund, Gladbach-Köln an Dortmund-Schalke ouni Zuschauer

RTL Lëtzebuerg
Als Reaktioun op de Coronavirus wäert e Mëttwoch den Owend de Parc des Princes eidel sinn, wa Paräis an Dortmund ëm d'Véierelsfinall kämpfen.

Och en Dënschdeg beim Match tëscht Valencia an Atalanta Bergamo wäerte keng Spectateuren am Stadion sinn.

Fir de BVB kënnt et nach schlëmmer. No Recommandatioune vum Jens Spahn, gëtt de Match géint Schalke och ouni Zuschauer gespillt. De Chef vun der DFL rechent souguer domadder, datt de Weekend méi Matcher an eidele Stadie musse gespillt ginn. “Alles anescht wier net realistesch” esou de Christian Seifert. Wichteg wier elo, datt d’Ausbreedung vum Virus agedämmt gëtt, esou den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn. Et wier fir d’Leit méi einfach, esou Evenementer net ze besichen, wéi net mat der Bunn ze fueren oder awer wann een d’Schoule muss zoumaachen. “Et muss een ofschätzen, ob wat ee méi einfach verzichte kann a wou et schwéier ass, drop ze verzichten”.

Um Dënschdeg de Moie koum dunn d’Bestätegung, dass souwuel de Rhäin-Derby tëscht Mönchengladbach a Köln, grad ewéi de Ruhrpott-Klassiker tëscht Dortmund a Schalke virun eidelen Tribüne gespillt gëtt.

D’Fransouse sinn do méi konsequent: bis de 15. Abrëll si lo mol all d’Matcher an der 1. an der 2. Ligue ouni Zuschauer.

An der Europa League am Futtball kann d’Partie tëscht dem FC Basel an der Eintracht vu Frankfurt, déi den 19. Mäerz zu Basel sollt si wéinst dem Coronavirus net do gespillt ginn. Dat huet déi Schwäizer Kantonspolice decidéiert. Ob a wou dee Match en Donneschdeg an enger Woch gespillt ka ginn, ass nach net gewosst.

Wéinst dem Coronavirus muss dann och an der Premier League d’Partie Manchester City géint Arsenal verréckelt ginn.

Spiller vun Arsenal stinn nämlech ënner Quarantän, well se virun 13 Deeg Kontakt hate mam Proprietär vun Olympiakos Piräus. Dee Mann ass positiv op de Virus getest ginn.

Back to Top
CIM LOGO