
PSG huet sech e Mëttwoch mat 2:0 géint Dortmund duerchgesat an ass domat eng Ronn weider. Iwwerdeems behaapt sech Atletico Madrid an der Verlängerung géint Liverpool a steet an der Véierelsfinall vun der Champions League.
No der 1:2-Defaite am Allersmatch stoung d’Ekipp vum Thomas Tuchel am Retourmatch ënner Drock, fir net schonn nees an der Aachtelsfinall vun der Champions League auszescheeden. Op d’Ënnerstëtzung vun de Supporter konnte béid Ekippen awer net zielen, wéinst dem Coronavirus ass zu Paräis virun eidelen Tribunë gespillt ginn.
An den éischte Minutte stoung de Gaascht aus Dortmund hannen disziplinéiert, mam ville Ballbesëtz konnt PSG awer net all ze vill ufänken. Déi éischt geféierlech Chance vum Match ass duerch e Konter vun de Gäscht entstanen. Den Haaland ass no enger flaacher Flank knapps net un de Ball komm, den Noschoss vum Sancho aus ronn 18 Meter ass awer derlaanscht gaangen.
3 Minutte méi spéit huet sech dann no engem gudden Zouspill de Cavani eleng virum Dortmunder Golkipp erëmfonnt, ma de Stiermer huet knapps laanscht de Potto geschoss.
An der 28. Minutt war et da sou wäit. Den Neymar stoung no engem Corner fir PSG op der richteger Plaz an huet aus kuerzer Distanz mam Kapp den éischte Gol vum Match geschoss.
Elo waren d’Borussen nees gefuerdert, sou dass si sech vun hirer defensiver Formatioun geléist a méi offensiv agéiert hunn. Richteg geféierlech ass et virum Paräisser Gol awer net ginn. Kuerz virun der Paus huet dann de Bernat op 2:0 erhéicht. No enger Flank vum Sarabia huet de Spuenier seng Schongspëtzt dohi gehal a sou den zweete Gol vum Match geschoss.
Mat enger verdéngter Féierung fir d’Lokalekipp ass déi Hallschent dann och op en Enn gaangen.
D’Gäscht hu sech nom Säitewiessel couragéiert gewisen, hu sech awer weiderhi schwéier gedoe geféierlech virun de Gol ze kommen. Op der anerer Säit gouf et fir PSG dann déi éischt gutt Chance am zweeten Duerchgang, wéi de Bürki sech no engem staarke Fräistouss vum Di Maria laang strecke misst, fir de Ball kënnen ze paréieren.
Dortmund huet am offensive Beräich ze wéineg gewise fir den Uschlossgol ze schéissen. PSG huet hannen net vill zougelooss an ëmmer nees op Konter gelauert. 15 Minutte viru Schluss sinn d’Borussen zwar ëmmer méi geféierlech ginn, ma en Duerchkomme sollt et fir si net méi ginn. An der 89. Minutt ass et dann nach zu enger Konfrontatioun tëscht dem Neymar an dem Can komm, bei där de Spiller vum BVB mat enger Rouder Kaart vum Terrain geflunn ass.
Domat wënnt PSG zum Schluss mat 2:0 an zitt domat an d’Véierelsfinall vun der Champions League an.
Den Titelverdeedeger huet sech am Allersmatch mat 0:1 misse geschloe ginn a war am Anfield gefuerdert eng Äntwert ze weisen. Am Verglach zum Match tëscht PSG an Dortmund ass zu Liverpool mat Spectateuren op den Tribunë gespillt ginn.
Net laang huet et gedauert bis d’Gäscht déi éischt Chance Opweises haten. No 18 Sekonne war et den Diego Costa deen nom Zouspill vum Joao Felix, de Gol aus spatzem Wénkel knapps net getraff huet. Vun deem Schock hu sech d’Reds awer séier erholl a sou war et 5 Minutte méi spéit de Wijnaldum, deen den Oblak am Gol mat sengem Kappball eng éischte kéier op d’Prouf gestallt huet.
Am weidere Spillverlaf hat d’Lokalekipp méi vum Match an huet vill dofir gemaach de Wee an de Gol ze fannen. Wéi schonn am Allersmatch huet Liverpool awer kee Wee laanscht eng immens disziplinéiert Defense vun Atletico fonnt, sou dass sech de Match eng laang Zäit haaptsächlech am Mëttelfeld ofgespillt huet.
Trotzdeem ass et de Reds heiansdo gelongen iwwert déi riets Säit, am Numm vum Salah an Alexander-Arnold, geféierlech ze ginn. No 43 Minutten huet sech Liverpool dann och fir seng Beméiunge belount. De Wijnaldum war et, deen d’Flank vum Oxlade-Chamberlain verwäerten an d’Reds domat a Féierung brénge konnt. Kuerz drop huet den Arbitter den éischten Duerchgang ofgepaff.
Nom Säitewiessel huet Liverpool weider Drock gemaach an hat domat weider d’Iwwerhand am Match. D’Gäscht stounge weiderhin gutt an der Defense an hunn et dem Géigner schwéier gemaach e Wee derlaanscht ze fannen. Liverpool ass ëmmer besser ginn, ma Atletico hat et virun allem dem Oblak am Gol ze verdanken, dass d’Lokalekipp net scho méi héich a Féierung gaangen ass. Mat engem spektakuläre Fallrückzieher ass dem Mané an der 85. Minutt da bal den 2:0 gelongen, ma de Ball ass iwwert de Gol vum Oblak gaangen.
Souwuel Liverpool wéi och Atlético ass an den éischten 90 Minutten also kee weidere Gol méi gelongen, sou dass et fir béid Ekippen an d’Verlängerung gaangen ass.
Mat vollem Tempo a Richtung Gol vun Atlético hunn d’Reds weidergemaach a sou huet d’Belounung och net laang op sech waarde gelooss. An der 94. Minutt huet de Firmino no enger Flank als éischt op de Potto gekäppt, am Noschoss huet et dann awer gerabbelt a sou louch d’Lokalekipp verdéngt mat 2:0 a Féierung.
Wéi aus dem Näischt huet dräi Minutte méi spéit de Llorente vun engem Feeler vum Liverpooler Golkipp profitéiert a mat engem Schoss an de laangen Eck op 2:1 verkierzt. D’Lokalekipp huet also nees e Gol gebraucht an ass ëmmer méi offensiv ginn, wat hannen dann awer äiskal bestroft ginn ass. An der 105. Minutt huet nees de Llorente aus ronn 20 Meter ofgezunn an dem Adrian am Gol mat engem plazéierte Schoss an de rietsen Eck keng Chance gelooss.
Och wann d’Reds elo zwee Goler gebraucht hunn, hu si net opginn a weider probéiert, ma Atletico huet hannen näischt méi zougelooss. An der 120. Minutt huet den agewiesselte Morata dann definitiv den Deckel drop gemaach, wéi hien no engem Konter op 3:2 erhéicht huet.
Zum Schluss wënnt Atletico de Match zu Anfield, och wa sech Liverpool als déi kloer besser Ekipp gewisen huet an och méi Chancen hat. De Gaascht vu Madrid huet awer alt nees gewisen, dass ee mat enger immens disziplinéierter Defense weiderkomme kann.