L'EquipePSG verlängert mam Thomas Tuchel bis 2021

RTL Lëtzebuerg
Trotz dem fréien Out an der Champions League schéngt de franséische Meeschter laangfristeg op den däitschen Trainer ze setzen.

Wéi déi franséisch Sportzeitung L’Equipe um Donneschdeg mellt, hätt Paris Saint-Germain de Kontrakt vum Thomas Tuchel ëm ee Joer bis 2021 verlängert. Déi kataresch Chefetage vum PSG an den Trainer wiere sech eens ginn. An den nächsten Deeg soll dat offiziell matgedeelt ginn, esou d’Zeitung.

De Salaire vum Tuchel, deen aktuell op knapp 5 Milliounen Euro geschat gëtt, soll am Kader vun der Verlängerung nach eemol an d’Luucht goen. Ausserdeem soll de Kontrakt automatesch ëm ee Joer verlängert ginn, wann de PSG et op d’mannst bis an d’Halleffinall vun der Champions League packt.

Den Thomas Tuchel, dee virdru Mainz 05 a Borussia Dortmund trainéiert hat, hat am Ufank vun der aktueller Saison an der franséischer Haaptstad ugefaangen. Ufank Mäerz sot hien, hie wéilt nach laang zu Paräis bleiwen a mam Club wuessen.

An der Liga ass de PSG wäit vir. An der Champions League war déi Kéier awer well an der Aachtelsfinall Schluss: No enger 2:0 Victoire bei Manchester United gouf et doheem eng 1:3-Defaite, duerch en Handeelefmeter an der Nospillzäit ...

Back to Top
CIM LOGO