Internationale FuttballPSG wënnt am Parc des Princes géint de Champion Lille

RTL Lëtzebuerg
Mat 2:1 hu sech Messi a Co duerchgesat. An der Bundesliga hat iwwerdeems d'Hertha beim 0:2 géint Hoffenheim keng Chance.
Den Angel Di Maria feiert säi Gol fir de PSG.
Den Angel Di Maria feiert säi Gol fir de PSG.
© AFP

E Freideg den Owend stoung eng Partie an der däitscher Bundesliga an eng Partie an der Ligue 1 a Frankräich um Programm.

Nodeems et bei der Hertha fir d’Lescht nees besser ausgesinn huet, huet een um 10. Spilldag an der Bundesliga mat 0:2 géint d’TSG Hoffenheim verluer. Wärend den 90 Minutte waren déi Berliner ganz wäit vun der véierter Victoire noeneen ewech.

Fir d’TSG hunn de Kramaric an der 19. Minutt an de Rudy an der 36. Minutt getraff. Bei der Hertha gouf de Boyata wéinst engem Foul an der 76. Minutt mat glat Rout vum Terrain gesat. An der provisorescher Tabell steet Hoffenheim elo op der 7. Plaz an d’Hertha ass op déi 11. Plaz zeréckgefall.

LINK: Den Iwwerbléck vun der BundesligaAn der Ligue 1 huet sech de PSG am Parc des Princes mat 2:1 beim Champion Lille duerchgesat. Lille war an der 31. Minutt duerch den David a Féierung gaangen, ma de PSG, deen ouni den Mbappé gespillt huet, konnt d’Partie duerno dréinen. Fir d’éischt hat de Marquinhos an der 74. Minutt op 1:1 gesat. An der 88. Minutt huet dunn den Di Maria no Viraarbecht vum Neymar den decisiven 2:1 markéiert.

An der Tabell bleift de PSG no der Victoire um 12. Spilldag souverän un der Spëtzt. Lille steet fir den Ament op der 11. Plaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO