
D’Stad Lëtzebuerg huet en Dënschdeg matgedeelt, dass e Sonndeg, de 7. Juli ee Public Viewing bei der Gëlle Fra ass. Deen Dag gëtt jo d’Finall vun der Futtball-Weltmeeschterschaft vun den Damme gespillt. A genau dës Finall kënnt Dir deen Ament vu 16 Auer u live do suivéieren. Organiséiert ass dat Ganzt vun der asbl CID | Fraen an Gender a Voix de jeunes femmes, an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg. D’Entrée ass fräi.

RTL ass och mat dobäi mat live Commentairen an Animatioun op der Plaz. Kommt laanscht op eise Stand mat eisen groussen Dart-Futtball-Gewënnspill. Trefft an d’Schwaarzt a gewannt top Präisser, dorënner :

