Damme-FuttballRacing eng éischte Kéier an der Champions League

RTL Lëtzebuerg
D'Damme vum Stater Racing spillen en Dënschdeg den Owend an der Champions League géint Budapest.

03.11.2020 CL Racing 12h30

Et ass fir déi éischte Kéier, dass d’Damme vum Racing an der Champions League spillen. Dass d’Preparatioun net optimal war, läit op der Hand. Am Championnat duerfen zanter 2 Woche keng Matcher gespillt ginn an och Testmatcher goufen et keng. Dobäi kënnt och nach, dass d’Kapitänin vun der Ekipp wéinst engem positiven Test net kann dobäi sinn. Fir den Trainer vun de Racing-Dammen, Alexandre Luthardt, ass et awer eng immens Erfarung, dass seng Ekipp europäesch ka spillen.

Et ass eng immens Chance fir d´Meedercher fir esou eng Kompetitioun ze spillen. Mir si bëssen an der Ongewëssheet, well mir keng Informatiounen iwwer eise Géigner kruten. Mir wëssen awer, dass et eng Ekipp ass déi reegelméisseg Champions League spillt.Et gëtt bestëmmt ee schwéier Match an engem grousse Stadion, wat eis Meedercher och net gewinnt sinn.

Bis elo hu mat Jonglënster, Beetebuerg an Nidderkuer réischt 3 Lëtzebuerger Ekippen an der Champions League gespillt. Gréisstendeels goufen et ganz héich Néierlagen. Et däerf ee gespaant sinn, wéi d’Partie den Owend ausgeet. Et wëll ee sech awer net vu virera geschloe ginn:

Mir probéieren alles ze ginn an defensiv gutt ze stoen, fir den - esou laang wéi méiglech ze halen a fir dann um Enn villäicht een Exploit ze realiséieren. Egal wéi; Et ass eng super Experienz fir d´Meedercher a si sollen esou vill wéi méiglech dovunner profitéieren. Et ginn net vill Leit déi d´Chance hunn d´Champions League ze spillen, et ass awer nach déi gréisst Kompetitioun op europäeschem Niveau ass an et soll eng flott Erënnerung fir d´Meedercher bleiwen.

De Match tëscht Budapest an dem Racing ass en Dënschdeg den Owend um 17 Auer.

Back to Top
CIM LOGO