
Ënnert anerem spillt Beggen géint d’Fola, Steesel géint den F91 Diddeleng an Biissen géint d’Escher Jeunesse. Et koumen awer och e puer Dueller vu Veräiner aus der ieweschter Divisioun eraus an do kënnt et zu der Spëtzepartie tëscht dem Stater Racing an dem FC Déifferdeng 03.
Dësen Tour vun der Coupe ass fir de 7. Mäerz d’nächst Joer programméiert.