Coupe des DamesRacing ka sech géint d'Entente Wuermer behaapten

RTL Lëtzebuerg
Zu Hesper hunn déi Stater Dammen der Formatioun vun der Musel mat engem 4:0-Erfolleg keng Chance gelooss.
Coupe des Dames: Racing wënnt Titel géint d'Entente Wuermer
Zu Hesper hunn déi Stater Dammen der Formatioun vun der Musel mat engem 4:0-Erfolleg keng Chance gelooss.

E Samschdeg gouf zu Hesper am Stade Alphonse Theis virun 930 Spectateuren d’Finall vun der Coupe des Dames gespillt - hei ass Racing géint d’Entente Wuermer/Mënsbech/CSG ugetrueden.

Schonn no 5 Minutte sinn déi Stater mat 1:0 a Féierung gaangen. Et war d’Elodie Martine, dat hir Faarwen an den Avantage brénge konnt. Ronn 10 Minutte virun der Paus huet d’Spillerin vum Racing eng weider Kéier markéiert an de Score op 2:0 gesat - domat war d’Entente vun der Musel am 2. Duerchgang gefuerdert.

D’Sophie Maurer huet dann och fir Wuermer den éischte Schoss an der 2. Hallschecht ofginn, ma dat ronnt Lieder goung awer driwwer. Ronn eng Véierelstonn viru Schluss waren déi Stater nach ëmmer mat zwee Goler vir. Déi Miseler hunn deemno séier missen eng Äntwert op de Réckstand bréngen, soss géif et mat dem Titel näischt méi ginn.

An der 81. Minutt war et dunn awer nees de Racing, deen an der Persoun vun der Amal Cerkane markéiere konnt. D’Entscheedung an dëser Partie war mat dem 3:0 vun de Stater wuel sécher. D’Sara Courbin huet du 5 Minutte virum Enn de Sak mat dem 4:0 fir de Racing definitiv zougemaach.

Déi Wuermer Supporter sinn iwwerdeems negativ opgefall. Nom Téi hu si Géigestänn op den Terrain gehait a kuerz viru Schluss huet d’Partie wéinst engem massiven Asaz vu Pyrotechnik missen e puer Minutten ënnerbrach ginn.

Dës Evenementer hunn awer näischt un der 4:0-Victoire fir de Racing geännert.

Back to Top
CIM LOGO