
D‘Qualifikatioun gëtt a Form vun engem Mini-Tournoi an Albanien gespillt.
De Lëtzebuerger Champion spillt elo e Samschdeg um 10 Auer géint Vllaznia aus Albanien ëm déi drëtte Plaz. De Veräin aus Albanien hat seng Partie mat 1:2 géint Dinamo aus Belarus verluer. D’Finall gëtt um 19 Auer tëscht Ferencvaros an Dinamo gespillt. De Gruppegewënner qualifizéiert sech fir déi drëtt Ronn vun der Champions-League-Qualifikatioun.