No enger roueger Ufanksphas hu sech béid Ekippe mat der Zäit ëmmer méi zougetraut, sou dass déi eng oder aner Aktioun op deenen zwou Säiten entstanen ass. Duerch e schwéier bespillbaren Terrain war et awer net einfach schéine Futtball ze spillen.
An der 28. Minutt ass de Gäscht dann den éischte Gol vum Match gelongen. Den Nakache konnt no engem Fräistouss profitéieren an de Racing mat engem Schoss aus ronn 10 Meter a Féierung bréngen. Eng Minutt méi spéit war et dann nees de Gaascht, deen am Numm vum Mabella no enger Virlag vum Tinelli op 2:0 erhéicht huet.
Déi zwee Goler hunn natierlech op d’Moral vun der Lokalekipp gedréckt, déi et et awer eng Minutt virun der Paus nach gepackt huet op 1:2 ze verkierzen. De Makonda war et, dee mat engem schéine Fräistouss Millebaach weiderhin am Match gehalen huet.
Nom Säitewiessel huet sech de Match haaptsächlech am Mëttelfeld ofgespillt. En Opreger ass et no 67 Minutte ginn, wéi de Golkipp vun der Millebaacher Ekipp, de Bassene, den Dembele ausserhalb vum Strofraum zum Fale bruecht huet a mat der Rouder Kaart vum Terrain geschéckt ginn ass.
Domat war et elo natierlech nach méi schwéier op Mannst ee Punkt am Bambësch ze halen. Ma d’Millebaacher Ekipp huet net opginn a sou war et an der 89. Minutt de Mahamat, deen de Ball no engem Corner mam Kapp hannert d’Linn drécke konnt an domat de Punkt fir d’Lokalekipp geséchert huet.