
An der Course ëm de Championstitel ass et fir de Racing eng weider souverän Victoire ginn. D’Ekipp aus der Stad konnt sech am Match géint d’Fola mat 14:1 duerchsetzen. Ma och d’Konkurrenz hannendrun huet net geschlof. Souwuel Beetebuerg wéi och Jonglënster konnte sech ouni Problemer déi dräi Punkte sécheren.