Am nationalen Dammefuttball huet e Samschdeg de Racing mat enger 4:0-Victoire géint den FC Mamer d’Coupe des Dames gewonnen.
De Favorit aus der Stad huet vun Ufank un Drock op de géigneresche Gol gemaach an ass ëmmer nees zum Ofschloss komm. Obwuel sech Mamer eng Zäit laang gutt wiere konnt, huet de Ball awer no enger gudder hallwer Stonn eng éischte Kéier de Wee an de Gol fonnt. D’Kimberley Dos Santos huet vun der lénker Säit aus op 1:0 gestallt. Eng Minutt viru Schluss vun der éischter Hallschent sollt dann nach duerch d’Sophie Quatrana den zweete Gol falen, sou datt et mat enger verdéngter 2:0-Féierung an d’Paus gaangen ass. Och nom Säitewiessel ass et Mamer net gelongen, géint e staarke Géigner d’Rudder u sech ze rappen. De Racing hat weider alles ënner Kontroll an huet duerch zwee weider Goler vun der Sophie Quatrana an der Julie Wojdyla den Deckel drop gemaach.

De Reportage vun der Finall gëtt et e Sonndeg am Sportjournal op der Tëlee ze gesinn.