WimbledonRafael Nadal steet an de Véierelsfinallen

RTL Lëtzebuerg
Nom Succès bei den Australian Open an de French Open huet de Spuenier deemno weiderhin d'Chance, fir säin drëtte Grand Slam dëst Joer ze gewannen.
© SID/GLYN KIRK

E Méindeg den Owend huet de Rafael Nadal an den Aachtelsfinallen an 3 Sätz mat 6:4, 6:2, 7:6 (8:6) géint den Hollänner Botic Van de Zandschulp gewonnen. D’Nummer 2 op der Welt kritt et elo mam Taylor Fritz (ATP 14), dee beim Tournoi op 11 gesat ass, ze dinn.

An der Ronn vun de leschten 8 steet bei den Hären och d’Nummer 1 Novak Djokovic. De Serb hat schonn e Sonndeg den Owend den Ticket fir d’Véierelsfinalle geléist. Hie kritt et do mam Jannik Sinner ze dinn.

Den Iwwerbléck vun de Véierelsfinalle bei den Hären

Novak Djokovic (1) - Jannik Sinner (10)
David Goffin - Cameron Norrie (9)
Christian Garin - Nick Kyrgios
Taylor Fritz (11) - Rafael Nadal (2)

Den Iwwerbléck vun de Véierelsfinalle bei den Dammen

Ajla Tomljanovic - Elena Rybakina (17)
Simona Halep (16) - Amanda Anisimova (20)
Marie Bouzkova - Ons Jabeur (3)
Tatjana Maria - Jule Niemeier

Back to Top
CIM LOGO