Krösche iwwerhëlt bei LeipzigRalf Rangnick gëtt Futtball-Chef vu Red Bull

RTL Lëtzebuerg
De 60 Joer ale Rangnick war fir d'lescht beim Bundesligist RB Leipzig an der Funktioun als Trainer a Sportdirekter.
© AFP

Elo gëtt hie Futtball-Chef vun de Red-Bull-Standuerter zu New York an am brasilianesche Bragantino. Ma och fir Leipzig ass hie weiderhin zum Deel verantwortlech. De Rangnick soll als “Head of Sport and Development Soccer” alleguerten d’Veräiner vum Gedrénkskonzern iwwerhuelen.

De Markus Krösche soll dann d’Positioun als Sportdirekter bei RB Leipzig iwwerhuelen. Dass de Julian Nagelsmann d’nächst Saison um Trainerstull setzt, ass jo schonns méi laang gewosst.

Back to Top
CIM LOGO