
Dat huet d’éisträichesch Futtballfederatioun en Donneschdeg matgedeelt. D’Bild-Zeitung hat dem 65 Joer ale Rangnick seng Ofso un den FC Bayern als éischt gemellt.
Et ass scho méi laang bekannt, dass d’Bayern an hiren aktuellen Trainer Thomas Tuchel Enn der Saison getrennte Weeër ginn. En neie Cheftrainer ass bis elo awer nach net fonnt. De Rangnick huet nach bis viru kuerzem als ee vun de Favoritten op de Poste gegollt.