
Den 19 Joer ale Schwëmmer huet sech um Enn mat der 41. Plaz an engem Chrono vu 50 Sekonnen an 1 Honnertstel missen zefridde ginn. Domat verpasst de Lëtzebuerger d’Halleffinallen. Weider ass hien och 34 Honnertstel iwwert senger perséinlecher Beschtzäit bliwwen.