NFLRams wanne Super Bowl mat 23:20 géint Bengals

Kevin Kayser
An der Nuecht op e Méindeg stoungen d'Cincinnati Bengals géint d'Los Angeles Rams sech an der Finall vun der NFL géinteneen.
© Rob Carr / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Déi lescht Saison waren d’Tampa Bay Buccanneers déi éischt Ekipp an der Geschicht vun der NFL, déi de Super Bowl am eegene Stadion spillen an och gewanne konnten.

Super Bowl - LA Rams vs. Cincinnati Bengals

Dann dës Saison, fir de Super Bowl 56, konnten d’Los Angeles Rams sech fir d’Finall doheem qualifizéieren. Wat 54 Mol net geklappt huet, huet dunn an 2 Joer direkt 2 Mol funktionéiert, mat zwee Mol dem selwechte Resultat: D’Ekipp, déi am eegene Stadion gespillt huet, konnt sech den Titel sécheren.

Resumé vum Match

D’Rams hunn als éischt Ekipp dierften an d’Attack goen, konnten awer näischt mat hirem éischte Ballbesëtz ufänken. Et war mam zweete Ballbesëtz, mat deem d’Rams konnte 7 Punkten op d’Tafel bréngen. Iwwerhaapt ass dono villes esou gelaf, wéi et sech d’Ekipp aus LA virgestallt huet. Zu engem Ament hate si en 13:3 Avantage mat zwee Touchdowns. Eenzeg een Extrapunkt ass net duerchkomm, well den Holder de Ball net richteg an de Grëff krut. Dono sinn d’Bengals besser an de Match komm. Si hunn op 13:10 verkierzt, dat no enger Touchdown Pass vun hirem Running Back Joe Mixon, a konnten 2 Minutte viru Schluss nach eng déif Pass vum Stafford an der Endzon offänken. E Bemol fir d’Rams gouf et da kuerz virun dëser ofgefaangener Pass. Den Beckham Jr. hat sech ouni Kontakt um Knéi blesséiert an huet misste fir eng Analys an d’Katakombe vum Stadion bruecht ginn, fir hie war de Match eriwwer. Well an de leschte Minutten weder d’Rams nach d’Bengals konnte Punkten, ass et mat engem 13:10 Avantage fir d’Ekipp aus LA an d’Paus gaangen.

An der Paus gouf et dunn déi grouss annoncéiert Halbzeitshow. D'Mary J. Blige, Snoop Dogg, Dr. Dre, Kendrick Lamar, Eminem a 50 Cent, deen am Virfeld net annoncéiert war, hunn op hir Klassiker gesat, déi wuel vill Leit nees 20 a méi Joren zeréckversat hunn.
An der Paus gouf et dunn déi grouss annoncéiert Halbzeitshow. D’Mary J. Blige, Snoop Dogg, Dr. Dre, Kendrick Lamar, Eminem a 50 Cent, deen am Virfeld net annoncéiert war, hunn op hir Klassiker gesat, déi wuel vill Leit nees 20 a méi Joren zeréckversat hunn.
© Gregory Shamus / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

No der mat Spannung erwaarter Halftime-Show hunn d’Bengals ganzer 12 Sekonne gebraucht, fir de Match ze dréinen. Mat enger Pass an d’Déift huet de Burrow den Higgins fonnt, dee sech haart am 1 géint 1 duerchgesat huet, an eleng an d’Endzon gelaf ass. 10 Sekonnen méi spéit, nodeem d’Rams de Ball haten, huet de Stafford seng zweet Interception gehäit an domadder de Bengals eng ideal Ausgangspositioun ginn, fir hir Féierung auszebauen. 3 Punkte konnte si aus dëser Situatioun eraushuelen. Och d’Rams hunn am drëtte Véierel 3 Punkte gemaach, esou datt d’Bengals mat engem klengen Avantage vun 20:16 an de leschte Quarter gestart sinn.

Am véierte Quarter goung de Ball vill hin an hier, ouni datt wierklech eppes dobäi erauskoum. 2 Minutte viru Schluss stoungen d’Rams an de leschten 10 Yards. Hei kruten d’Bengals eng vun de wéinege Strofen an dëser Partie, déi de Rams nees 4 Versich ginn huet. 2 Spillzich an 2 Flags dono stoungen d’Rams op der 1 Yard Linn, de ganze Raumgewënn eleng duerch d’Strofen. Mat nach enger Minutt a 25 Sekonnen op der Auer sinn d’Rams aus där Positioun nees a Féierung gaangen, mat 23:20. D’Bengals hu probéiert, nach Punkten ze maachen, ma si konnte op der Héicht vun der Mëttellinn gestoppt ginn. Esou huet d’Defense vun de Rams am entscheedende Moment gehalen an de Match eng 30 Sekonne viru Schluss entscheet.

Back to Top
CIM LOGO