Vum 15. Januar unRaphaël Stacchiotti gëtt Sport-Coordinateur vun der Gemeng Biissen

Franky Hippert
Den aktuell beschte Lëtzebuerger Schwëmmer ass jo och scho fir d'Olympesch Summerspiller d'nächst Joer zu Tokio qualifizéiert.

De Franky Hippert huet beim jéngste Lëtzebuerger Olympionik vun allen Zäiten nogefrot, wéi hie säi Privat-, Sport- a Beruffsliewen elo koordinéiert kritt.

Raphaël Stacchiotti/Reportage Franky Hippert

De Raphaël Stacchiotti hat jo schonn ugekënnegt, datt no den Olympesche Spiller zu Tokio Schluss mat der Sportlerkarriär wär. Duerch d’Covid-Pandemie gouf dat ganzt e bëssen duerchernee gerëselt an d’Spiller an der japanescher Haaptstad sinn elo d’nächst Joer. Den 28 Joer ale Sportzaldot huet sech awer dunn och scho Gedanken iwwert d’Karriär no der Karriär gemaach.

Wou ech du vun der Biisser Gemeng gewuer gouf, datt si beim Projet géife matmaachen, hunn ech geduecht, dat passt jo wéi d’Fauscht op d’Aen an hu mech gemellt.

De Sportsministère ënnerstëtzt jo d’Gemengen am ganze Land och finanziell, esou e Sport-Coordinateur anzestellen.

Wat mer déi sportlech Pyramide esou breet wei méiglech ënnen maachen, wat uewe méi eraus ka kommen. An en Zil vun enger Gemeng soll et och sinn, emol en Elittesportler erauszebréngen.

D’Aufgabe vun esou engem Sport-Coordinateur sinn dann och bereet gefächert.

An der Gemeng vu Kannersport, Veräinssport, Breedesport, Leeschtungssport, Drëttenaltersport, esou ze koordinéieren, fir datt jiddwereen zu sengem kënnt.

E groussen Challenge gëtt natierlech, elo dat eegent Liewen ze koordinéieren.

De Management vu Privat, Sport an Aarbecht muss natierlech minutiéis geplangt ginn. Awer wie wär ech, wann ech deen Challenge net géif unhuelen.

De 15. Januar soll de Raphaël Stacchiotti, deen 2008 zu Peking als jéngste Lëtzebuerger iwwerhaapt bei Olympesche Spiller dobäi war, da bei senger neier Aarbecht op der Biisser Gemeng ufänken.

Back to Top
CIM LOGO