
“D’FIFA verurteelt Rassismus an egal wéi enger Form. Mir wäerte Moossnamen ergräifen”, sou de Weltfuttballverband an engem Statement.
Ungarn gouf wéinst dem diskriminéierende Verhale vun hire Fans wärend der Europameeschterschaft vun der UEFA zu e puer Matcher ouni Spectateure verurteelt. Allerdéngs gëllen dës Mesuren net fir d’Matcher vun der FIFA.
D’FIFA wäert eege Sanktiounen ergräifen.