Spiller-ËmfroRB Leipzig gewënnt d'Bundesliga dës Saison

RTL Lëtzebuerg
43,1 Prozent vun de Spiller aus der Bundesliga ware bei enger Ëmfro vum kicker der Meenung, dass RB Leipzig dëst Joer däitsche Champion gëtt.
© AFP

Nëmme 36 Prozent sinn der Meenung, dass Bayern München fir déi 8. Kéier hannertenee Champion gëtt. 239 Spiller vun den 18 Veräiner aus der Bundesliga hunn un der Ëmfro deelgeholl.

Weider hu 47,7 Prozent vun de befrote Spiller gemengt, dass de Robert Lewandowski de stäerkste Spiller aus der Hironn war. De Yann Sommer gouf zum beschte Golkipp gewielt, de Marco Rose zum beschten Trainer an de Marcus Thuram zum beschten neie Spiller. Ofsteiger vun der Hironn ass de Mario Götze.

Als positiv Iwwerraschung hunn 41,8 Prozent den SC Freiburg gewielt an als negativ Iwwerraschung koum Werder Bremen op 43,1 Prozent.

Weider gi Paderborn a Köln als Ofsteiger gehandelt.

Och iwwer d’Ausland sinn d’Bundesliga-Profie befrot ginn. Deemno sinn 80,3 Prozent der Meenung, dass de Jürgen Klopp de beschten Trainer op der Welt ass a 37,7 Prozent mengen och, dass Liverpool den Titel an der Champions League verdeedege kann. 64,4 Prozent sinn der Meenung, dass d’Premier League an England déi stäerkste Liga weltwäit ass, dat virun der spuenescher La Liga an der Bundesliga.

63,3 Prozent vun de Befrote sinn dann och der Meenung, dass sech d’Ëmsetzung vum Videobeweis zanter dëser Saison net verbessert huet. Wat déi nei Handspill-Reegel ugeet, déi kënnen nëmmen 20 Prozent novollzéien, 61,5 Prozent versti se guer net.

Mat 32,6 Prozent ass de Manuel Gräfe de beléifsten Arbitter, dat knapp virum Deniz Aytekin mat 31,8 Prozent.

Back to Top
CIM LOGO