No Kritik un der Lëtzebuerger SportspressReaktioun vum Georges Mischo op Aussoen iwwer Couverture vum Sport an de Medien

RTL Lëtzebuerg
D‘Lëtzebuerger Sportspress reagéiert um Dënschdeg an engem Communiqué op d‘Aussoe vum Sportminister Georges Mischo.
© Jeff Kettenmeyer

De Minister hat sech an engem Interview mam Magazin „Mental“ iwwer d‘Couverture vum Sport an de Medien geäussert. Et goung Rieds vun enger „iwwerflächlecher a lapidarer“ Couverture. D‘Sportpress bedauert an engem Communiqué d‘Aussoe vum Sportminister a seet, datt dës Aussoen falsch wieren.

De Sportminister Georges Mischo war Invité am RTL Sport Podcast Drëtt Hallschent an huet dem Jeff Kettenmeyer an där Affär géintiwwer Stellung geholl.

De Georges Mischo
D‘Lëtzebuerger Sportspress reagéiert um Dënschdeg an engem Communiqué op d‘Aussoe vum Sportminister Georges Mischo.

Déi ganz Episod vum Podcast Drëtt Hallschent mam Georges Mischo kennt de nächste Méindeg, de 04. Mäerz 2024 eraus.

Back to Top
CIM LOGO