
Nodeems en Dënschdeg den Owend mat de Münchener Bayern a mam Paris Saint-Germain déi éischt zwou Ekippen hiren Ticket fir d’Véierelsfinalle vun der Champions League aléise konnten, wollten dëst e Mëttwochowend zwou weider Ekippe maachen.
No der knapper 1:0-Victoire am Allersmatch vum Real Madrid géint den RB Leipzig, war d’Bier fir béid Formatiounen nach net geschielt. Béid Ekippen haten nach Chancë fir an déi nächst Ronn ze kommen. Um Enn sollt Real Madrid sech mat engem knappen a glécklechen 1:1 géint d’Leipziger iwwert d’Zäit an domadder an d’Véierelsfinallen zidderen. Fir d’Ekipp vum Marco Rose ass domadder d’Champions-League-Saison fir dëst Joer eriwwer, si musse sech virgeheien, datt si a béide Matcher, an deene si kloer déi besser Ekipp gewiescht sinn, keng Goler geschoss ze hunn.
Fir Manchester City geet et no der souveräner 3:1-Victoire géint den dänesche Meeschter aus Kopenhagen an der Kinneksklass vum europäesche Futtball weider. D’Ekipp vum Pep Guardiola ass mat enger 3:1-Avance an de Retourmatch gaangen an huet an dësem sengem Géigner keng Chance gelooss, soudatt fir d’Dänen an den Aachtelsfinalle Schluss ass.
1:0 Vinicius Jr. (65'), 1:1 Orban (68')
Am Allersmatch war et eng glécklech 1:0-Victoire fir de Real vu Madrid géint RB Leipzig. D’Spuenier hunn deemno am Retourmatch eng ferm Schëpp missen dropleeën, fir net ze riskéieren, fir géint d’Leipziger rauszefléien. Mä dëst sinn d’Madrilenen hire Supporteren an der éischter Hallschent allerdéngs schëlleg bliwwen. An enger onspektakulärer éischter Hallschent ass et kenger Ekipp gelongen, hire Stempel op de Match opzedrécken. D’Leipziger stoungen an der Defense relativ stabil an hunn op Feeler vu Madrid gewaart, fir d’Spuenier mat séieren Ëmschaltsituatiounen ënner Drock setzen ze kënnen. Dëst virun allem duerch de Stuermduo Openda a Sesko. Eppes Zielbares sollt dobäi awer net raussprangen. D’Spuenier hu sech iwwerdeems iwwert déi ganz éischt Hallschent d’Zänn ausgebass, fir e Lach an der Leipziger Defense ze fannen. Deemno goufe béid Formatiounen no enger langweileger Hallschent mat engem 0:0 op den Téi geschéckt.
Déi zweet 45 Minutten hunn dunn allerdéngs déi schlecht éischt Hallschent kompenséiert. Béid Formatiounen hu méi Spillfreed gewisen an hunn elo probéiert, aktiv e Gol ze schéissen. Esou hat de Real an der 60. Minutt gläich zwou gutt Chancen, mä weder de Kroos, nach de Bellingham konnten de Ball am Leipziger Gol ënnerbréngen. Dëst huet de Vinicius Jr. dunn an der 65. Minutt besser gemaach. No enger schéiner Virlag vum Bellingham konnt de jonke Brasilianer de Score op 1:0 fir seng Faarwe setzen. Den RB Leipzig huet sech vun dësem Géigegol onbeandrockt gewisen an huet weider monter no vir gespillt a schonns an der 68. Minutt goufe si fir hir Méie belount. D’Madrilenen hunn dem Raum vill Zäit bei senger Flank gelooss, deen an der Mëtt den Orban fonnt huet, dee sech géint säi Géigespiller duerchsetzen a mam Kapp de Score egaliséiere konnt. Dësen hat an der 83. Minutt souguer den zweete Gol um Kapp léien, mä den Ungar konnt dat ronnt Lieder allerdéngs net am Gol vum Real ënnerbréngen. Leipzig huet um Enn nach eng Kéier alles gi fir den zweete Gol ze markéieren, dee si an d’Verlängerung bruecht hätt, mä dëse sollt net méi falen, soudatt de Real Madrid mat engem 1:1-Gläichspill denkbar knapps weiderkënnt an den RB Leipzig, obschonns a béide Matcher déi besser Ekipp, der Kinneksklass am europäesche Futtball Äddi soe muss.
1:0 Akanji (5'), 2:0 Alvarez (9'), 2:1 Elyounoussi (29'), 3:1 Haaland (45'+3)
No der 3:1-Victoire am Allersmatch vu Manchester City géint den FC Kopenhagen huet wuel kee méi un e Weiderkomme vun den Dänen gegleeft. Nodeems déi éischt Hallschent 10 Minutten al war, huet dunn awer wierklech kee méi un dëst Wonner gegleeft: Relativ séier konnten den Akanji an den Alvarez de Score fir d’Englänner op 2:0 setzen, soudatt de Dram vun de Véierelsfinalle fir d’Dänen wuel endgülteg ausgedreemt war. D’Spiller vu Kopenhagen sinn duerch den Elyounoussi an der 29. Minutt nach eng Kéier erukomm, mä den Haaland konnt déi al Differenz nach an der éischter Hallschent nees hierstellen.
Un dësem Score sollt sech an der zweeter Hallschent näischt méi änneren, soudatt Manchester City mat 3:1 géint den FC Kopenhagen gewanne kann an d’Englänner, op béid Matcher gekuckt, mat engem 6:2 an d’Véierelsfinallen anzéien.
All d’Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.