
En Dënschdeg den Owend stoungen an der Champions League déi éischt Retourmatcher vun den 1/8-Finallen um Programm.
Fir d’Bayern geet d’Rees an der Kinneksklass no engem 3:0-Succès géint Lazio an de 1/4-Finalle weider. D’Ekipp vu Roum war mat engem 1:0-Succès aus dem Allersmatch op München komm a konnt d’Féierung op friemem Terrain awer net verdeedegen. D’Goler vum Harry Kane (2) an Thomas Müller hunn hei um Enn den Ënnerscheed gemaach.
Am zweete Match vum Owend konnt sech de PSG nom Succès zu Paräis och am Retourmatch duerchsetzen a steet no enger 2:1-Victoire zu San Sebastian an de 1/4-Finallen. De Kylian Mbappé huet mat senge béide Goler fir d’Decisioun gesuergt.
1:0 Kane (39'), 2:0 Müller (45+2'), 3:0 Kane (66')
Nom Aus an der Coupe an engem Réckstand vun zéng Punkten an der Bundesliga ass den Thomas Tuchel en Dënschdeg den Owend mat engem wackelegen Trainerstull op de Retourmatch vun den 1/8-Finalle komm. Mat der 0:1-Defaite aus dem Allersmatch stoungen d’Münchener am Retourmatch géint Lazio viru kenger all ze liichter Aufgab. Ma och d’Gäscht vu Roum sinn net a beschter Form aus Italien ugereest. Nëmmen an engem vun de leschte véier Matcher konnte si an der Serie A punkten.
Bayern ass virun den eegene Spectateuren als Favorit an d’Partie gaangen, huet vun Ufank un allerdéngs gespuert datt de Géigner um Dënschdegowend engagéiert a konzentréiert agestallt war. Well sech béid Ekippen direkt no vir getraut hunn ass et an den éischte Minutte vum Match mat engem héijem Tempo hin an hir gaangen. Éischt gutt Chancen haten den Jamal Musiala an den Harry Kane no ronn 15 Minutten, déi mat hire staarken Distanzschëss awer kee Succès fonnt hunn. Ëmmer méi konnten d’Haushären d’Kontroll am Match u sech rappen an ëmmer méi ass och den Drock op d’Féierung gewuess. No 39 Minutte war et da sou wäit bis d’Supporter vun de Bayern sech eng éischte Kéier freeë konnten. Iwwert Ëmweeër hat de Ball de Wee bei den Harry Kane fonnt, dee mam Kapp op 1:0 gestallt huet. An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent sollt d’Netz vun de Gäscht dann nach eng zweete Kéier wackelen. De Matthijs de Ligt huet de Ball vun der Säit per Volley mat engem stramme Schoss an d’Mëtt bruecht, wou den Thomas Müller de Kapp dohigehalen an op 2:0 erhéicht huet. Mat enger verdéngter Münchener Féierung ass et direkt duerno an d’Paus gaangen.
Och am zweeten Duerchgang war et direkt nees eng animéiert Partie, an där sech Lazio engagéiert gewisen huet an eng Äntwert op de Réckstand aus den éischte 45 Minutte weise wollt. D’Bayern ware weiderhin allerdéngs op mannst grad sou gutt am Match a konnten an der 66. Minutt d’Féierung weider vergréisseren. No engem Schoss vum Sané, deen den Ivan Provedel am Gol nëmmen op d’Säit paréiere konnt, stoung den Harry Kane op der richteger Plaz a konnt sou de Ball zum 3:0 hannert d’Linn drécken. Elo huet sech bei de Gäscht bemierkbar gemaach, dat een zu dësem Zäitpunkt net méi sou richteg un ee Weiderkomme gegleeft huet. D’Haushären hunn net vill zougelooss an hunn d’Zäit geschéckt vun der Auer lafe gelooss. Um Enn setzt sech Bayern verdéngt mat 3:0 duerch a séchert sech domat an de 1/4-Finallen.
0:1 Mbappé (15'), 0:2 Mbappé (56'), 1:2 Merino (89')
Den aktuelle franséischen Tabelleleader ass nom 2:0-Succès am Allersmatch als klore Favorit a Spuenien gereest. D’Ekipp vu San Sebastian, déi sech am Championnat aktuell éischter schwéier deet, konnt an der aktueller Saison an der Champions League bis elo awer virun den eegene Spectateuren ongeschloe bleiwen.
Vun den éischte Minutten un huet de PSG de Wee no vir gesicht a konnt am Numm vum Kylian Mbappé a Bradley Barcola bannent den éischten zéng Minutte schonn zwee Mol op de géigneresche Gol schéissen. Och an den nächste Minutte waren d’Gäscht déi besser Ekipp an haten um Terrain d’Kontroll iwwert de Spillverlaf. An der 15. Minutt huet de Kylian Mbappé da fir déi verdéngt Féierung gesuergt. Duerch e placéierte Schoss an de laangen Eck stoung et 1:0 fir de PSG an domat gouf et schonn eng éischt Virentscheedung. Vu San Sebastian ass alles an allem ze mann komm. Vill Feelpassen an eng feelend Konsequenz an den eegenen Aktiounen hunn dofir gesuergt, datt si hire Géigner virun net all ze vill Problemer gestallt hunn. No enger knapper hallwer Stonn louch dann den 2:0 um Fouss vum franséische Star-Stiermer, ma säi Schoss aus zéng Meter konnt den Alex Remiro nach mat sengem Bee knapps laanscht de Gol lenken. An de Minutte virun der Paus hu sech d’Haushären dann nach eng Kéier liicht vum géigneresche Pressing befreit kritt, zu enger richteg gudder Golchance sollt et awer net méi kommen.
Och nom Säitewiessel war de PSG weider déi besser Ekipp. No engem staarken Zesummespill ass sou an der 56. Minutt den 2:0 gefall. Eng laang Pass vum Lee huet de séiere Kylian Mbappé fonnt, dee mam Ball um Fouss an de Strofraum eragezunn ass an de Ball mat engem weidere placéierte Schoss aus knapp zéng Meter an de Gol gesat huet. E puer Minutte méi spéit ass et der Lokalekipp da gelongen op 1:2 ze verkierzen, ma den Ander Barrenetxea stoung bei sengem Zouspill am Abseits, sou datt de Gol vum Videoarbitter nees zréckgeholl ginn ass. No dëser Aktioun huet San Sebastian awer weiderhin net opginn. Mat der Stëmmung vun den eegene Spectateuren am Réck hu si weider de Wee no vir gesicht an dat ass an der 89. Minutt och mat engem Gol vum Mikel Merino belount ginn. Op eemol war nees Spannung am Match, ma trotz enger gudder Schlussphas bleift et um Enn bei enger Victoire fir de PSG, mat där si den Ticket fir d'1/4-Finalle léisen.
All d’Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.