Champions LeagueReal Madrid a Manchester City trenne sech no serréiertem Match mat 1:1

RTL Lëtzebuerg
An der CL gouf en Dënschdeg déi éischt 1/2-Finall gespillt. Dobäi ass et fir vill Experten zu der "virgezunner" Finall tëscht Real a Manchester City komm.
© Oscar Del Pozo / AFP

Nodeems souwuel de Real vu Madrid souwéi Manchester City sech relativ kloer an de Véierelsfinalle géint Chelsea, respektiv Bayern duerchsetze konnten, sinn dës en Dënschdeg den Owend an der éischter Halleffinall vun der Champions League openeegetraff. An engem serréierte Match trenne sech béid Formatioune mat 1:1. Domadder ass fir béid Ekippe fir de Retourmatch nach alles dran.

Champions League-Resumé vum Guy Seyler

Real Madrid - Manchester City 1:1

1:0 Vinicius Jr. (36'), 1:1 De Bruyne (67')

D’Spectateure kruten en ëmkämpfte Match ze gesinn an deem béid Formatiounen an der Ufanksphas näischt riskéiere wollten. Esou huet et bis an déi 14. Minutt gedauert, bis datt e Schoss geféierlech a Richtung Gol lassgelooss gouf. Hei war et de Rodri, deen aus der Distanz ofgeschloss huet an de Courtois zu enger schéiner Parad gezwongen huet. Nëmmen eng Minutt méi spéit hat den Haaland dunn eng weider Chance fir seng Faarwen, mä och dës Kéier konnt de Courtois am Gol vu Madrid de Schoss paréieren.

An der 18. Minutt ass d’Lokalekipp du fir déi éischte Kéier virum géigneresche Gol opgedaucht. De Benzema ass geféierlech an d’Lach geschéckt ginn an hat Pech, datt den Ederson am Gol vu City d’Spill gutt gelies huet, mat Zäiten aus dem Gol komm ass an de Ball esou virum franséische Stiermer opfänke konnt. An der 25. Minutt wier Manchester City e Ballverloscht vum Rodri bal deier ze stoe komm. De Vinicius Jr. huet doropshi séier ëmgeschalt an huet mat senger schaarfer Flank de Benzema am Strofraum gesicht. Mä de Ruben Dias konnt dës Flank in Extremis retten, soss wier de Benzema komplett fräi zum Ofschloss komm.

Doropshin hu béid Formatiounen allerdéngs de Fuedem verluer an et war kee Spillfloss méi am Match, deen ëmmer méi nervös ginn ass. An der 36. Minutt sollt dunn allerdéngs e Gol falen an dee koum wuertwiertlech aus dem Näischt. No enger schéiner Viraarbecht vum Camavinga koum de Vinicius Jr. un de Ball, dee sech virum 16-Meter en Häerz gefaasst huet an äiskal ofgezunn huet. Den Ederson am Gol huet sech zwar nach eng Kéier ganz laang gemaach, mä um Enn sollt hien de Gol net verhënnere kënnen. Duerno huet City sech schwéier gedoen, fir geféierlech virun de Gol vu Madrid ze kommen, soudatt et an enger chancenaarmer éischter Hallschent mat enger 1:0-Féierung fir d’Lokalekipp an d’Kabinne gaangen ass.

Den Vinicius Junior bréngt seng Faarwe mat 1:0 a Féierung
Dobäi ass de Gol aus dem Näischt gefall

Nom Téi huet Madrid de bessere Start erwëscht an hat an der 50. Minutt duerch de Benzema d’Méiglechkeet op 2:0 ze erhéijen. Allerdéngs ass dësen um Ederson hänke bliwwen. Op der anerer Säit huet de Courtois an der 52. Minutt géint den De Bruyne misse paréieren. Mä och wann de Golkipp bezwonge gi wier, hätt de Gol wéinst enger Abseitspositioun net gezielt. Duerno hate béid Formatiounen nach e puer Chancen, mä de Real huet iergendwéi méi frësch gewierkt. Dogéint hat ee bei City am Gefill, datt d’Loft aus hirem Spill eraus wier: Weder Haaland nach den De Bruyne konnten hir Akzenter setzen.

An der 67. Minutt huet dëse Leschten aus dem Näischt dunn awer op eemol seng Qualitéite bewisen: De Gündogan leet fir de Belsch op, deen mat engem fulminante Schoss den 1:1 fir seng Faarwe markéiere konnt a seng Ekipp domadder nees zréck an de Match bruecht huet. Manchester City war erëm méi aktiv an et war nees en ausgeglachene Match. Souwuel den Tchouameni ewéi och den De Bruyne haten nach eng Kéier d’Méiglechkeet e Gol ze markéieren, allerdéngs ware béid Golkippe gutt a Form a konnte géint déi jeeweileg Offensivspiller paréieren.

An der 67. Minutt konnt den De Bruyne egaliséieren
Och dëse Gol ass dobäi aus dem Näischt entstanen

Um Enn steet en 1:1 um Bou vum Match, wat op dat ganzt Spill gekuckt och an der Rei ass. Deemno ass nach alles oppe fir de Réckmatch, dee vill Spannung versprécht.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO