Internationale FuttballReal Madrid klappt Barcelona mat 2:1 an ass neie Leader

RTL Lëtzebuerg
Fir Liverpool gouf et iwwerdeems eng schwéier erkämpften 2:1-Victoire géint Aston Villa an a Frankräich klappt de PSG Stroossbuerg mat 4:1.
© AFP

Nieft der däitscher Bundesliga, wou ënnert anerem Bayern München net iwwer een 1:1 géint Union Berlin erauskoum, gouf och an de weideren europäeschen Divisioune Futtball gespillt. Hei verléiert ënnert anerem Manchester City an England mat 1:2 géint Leeds United.

Um Owend stoung a Spuenien nach den “el Clasico"um Programm, wou Real Madrid den FC Barcelona mat 2:1 klappe konnt a sech sou un d’Spëtzt vum spuenesche Championnat setzt.

Bei de Lëtzebuerger Futtballer am Ausland haten de Gerson Rodrigues a Kiew um Samschdeg Dnipro-1 op Besuch.

Premier League

Manchester City - Leeds United 1:2
0:1 Dallas (42'), 1:1 Torres (76'), 1:2 Dallas (90'+1)

No 3 Victoiren um Stéck gouf et fir de Leader aus der englescher Premier League géint Leeds eng batter 1:2-Defaite. D’Haushäre waren, wéi ze erwaarden, déi dominant Ekipp an haten iwwer wäit Strecken ee klore Plus u Ballbesëtz an u geféierlechen Aktiounen an der Offensiv. Bëssen aus dem Näischt konnten d’Gäscht nach virun der Paus mat 1:0 a Féierung goen. Dem Dallas säi Schoss war vum Potto nach an de Filet gesprongen. Kuerz virum Téi huet sech Leeds dann awer selwer geschwächt, dëst well de Cooper an der Nospillzäit vun den éischte 45 Minutten no enger Tätegkeet déi rout Kaart gesinn hat.

Nom Téi wollt City de Match esou séier wéi méiglech dréinen, ma et huet awer bis an d'76. Minutt gedauert, éiert de Ferran Torres den 1:1 markéiere konnt. De Mann vum Match war awer den Dallas vu Leeds, dee senge Faarwen an der Nospillzäit wichteg 3 Punkte séchere konnt. Manchester City bleift awer weiderhi kloren Tabelleleader.

Liverpool - Aston Villa 2:1
0:1 Watkins (43'), 1:1 Salah (57'), 2:1 Alexander-Arnold (90'+1)

Liverpool konnt dës Ausrutscher vu Manchester City ausnotzen, och wa si sech schwéier gedoen hunn. Nach virum Säitewiessel konnt de Watkins d’Gäscht aus Aston Villa a Féierung bréngen. Liverpool war beméit, sech vun dësem Réckstand z’erhuelen, ma et huet awer bis d'57. Minutt gedauert, éiert de Salah den Ausgläich markéiere konnt. An der Nospillzäit konnt den Alexander-Arnold d’"Reds” retten an d’Victoire fir seng Faarwe sécheren.

Crystal Palace - FC Chelsea 1:4
0:1 Havertz (8'), 0:2 Pulisic (10'), 0:3 Zouma (30'), 1:3 Benteke (63'), 1:4 Pulisic (78')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Spezia - Crotone 3:2
0:1 Djidji (40'), 1:1 Verde (63'), 1:2 Simy (78'), 2:2 Maggiore (90'), 3:2 Erlic (90'+2)

Parma - AC Mailand 1:3
0:1 Rebic (8'), 0:2 Kessie (44'), 1:2 Gagliolo (67'), 1:3 Leao (90'+4)

An Italien bleift den AC Mailand weider den éischte Verfolger vum Leader Inter. No nëmmen 8 Minutte konnten d’Gäscht ewell a Féierung goen. No enger Virlag vum Zlatan Ibrahimovic konnt de Rebic fir d’Féierung markéieren. Parma war allerdéngs net ënnerleeën a sou wollte si eng Reaktioun op dee fréie Réckstand weisen. Virun der Paus gouf et dunn allerdéngs nach ee weidere Réckschlag, dëst well de Kessie op 2:0 fir den Tabellenzweete stelle konnt. Nom Säitewiessel huet sech den AC mailand dann awer selwer geschwächt. An der 61. Minutt war et den Ibrahimovic, deen no engem onsportleche Verhalen déi rout Kaart gewise krut an domadder fréizäiteg dusche goe misst. Parma konnt dës Iwwerzuel direkt ausnotzen. An der 67. Minutt war et de Gagliolo, deen den Uschloss markéiere konnt, ma dëse Gol sollt um Enn awer net duergoen. De Schlusspunkt war fir de Rafael Leao mam 3:1 an der Nospillzäit vum Match.

Udinese Calcio - FC Turin 0:1
0:1 Belotti (61', Eelefmeter)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Stroossbuerg - PSG 1:4
0:1 Mbappé (16'), 0:2 Sarabia (27'), 0:3 Kean (45'), 1:3 Sahi (63'), 1:4 Paredes (79')

A Frankräich kann de PSG no der 4:1-Victoire géint Stroossbuerg de Réckstand op de Leader Lille bei 3 Punkten halen. No 45 Minutte war ewell eng Virentscheedung zu Gonschte vu Paräis gefall. Fréi konnt de Kylian Mbappé d’Gäscht a Féierung ze bréngen. Nom Sarabia sengem tëschenzäitlechen 2:0 konnt de Kean an der 45. Minutt ewell op 3:0 stellen. Nom Säitewiessel konnt de Sahi kuerzzäiteg fir Stroossbuerg verkierzen, ma um Enn konnt de Paredes an der 79. Minutt fir d’Schlussresultat vu 4:1 aus Sicht vun de Männer aus der franséischer Haaptstad suergen.

Montpellier - Marseille 3:3
1:0 Delort (1'), 1:1 Milik (43'), 1:2 Gueye (45'+1), 2:1 Laborde (47'), 2:3 Perrin (71'), 3:3 Laborde (90'+3)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Real Madrid - Barcelona 2:1
1:0 Benzema (13'), 2:0 Kroos (28'), 2:1 Mingueza (60')

An engem vun de prestigiéiste Matcher weltwäit, dem “el Clasico” tëscht Real Madrid an dem FC Barcelona, goung et wéi esou dacks ëm wichteg Punkten am Kampf ëm de Championstitel a Spuenien. An den éischte Minutte waren et d’Hären aus der spuenescher Haaptstad, déi besser an de Match komm sinn. Eng excellent Aktioun vum Vazquez konnt de Benzema duerch ee Schoss mat der Hack herrlech verwäerten an déi Kinneklech soumat a Féierung bréngen. No knapp enger hallwer Stonn konnt den däitschen Nationalspiller Toni Kroos d’Féierung ausbauen. Ee Fräistouss aus ronn 17 Meter gouf nach ofgefälscht an domadder hat den ter Stegen am Gol vu Barcelona keng Chance, fir de Ball ze paréieren. Kuerz virun der Paus hat de Messi déi beschte Geleeënheet fir d’Gäscht, ma säi Corner goung an der 45. Minutt just op d’Lat.

Nom Säitewiessel konnt d’Ekipp vum Ronald Koeman de Match awer nach eng Kéier spannend maachen. An der 60. Minutt war et de Mingueza, deen eng Pass vum Jordi Alba an de Filet setze konnt an op 1:2 verkierzt huet. Barcelona war duerno beméit, op d’mannst nach ee Punkt aus Madrid mat heem ze huelen, ma um Enn sollt hinnen dat awer net geléngen. Trotz der zweeter gieler Kaart fir de Casemiro, deen doduerch an der éischter Minutt vun der Nospillzäit vum Terrain gesat gouf, blouf et um Enn bei der 2:1-Victoire fir Real Madrid, déi doduerch och un d’Spëtzt vun der Tabell sprangen.

Getafe - Cádiz 0:1
0:1 Timor (64', Selbstgol)

Bilbao - Deportivo Alavés0:0

Eibar - Levante 0:1
0:1 de Frutos (45'+2)

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO