Champions LeagueReal rett ee Punkt zu Gladbach, Man City wënnt zu Marseille

RTL Lëtzebuerg
Bayern konnt sech dann 3 Punkte zu Moskau erkämpfen a Bergamo mécht aus engem 0:2 géint Amsterdam nach en 2:2.

An der Grupp A konnt sech Bayern déi zweete Victoire am zweete Match sécheren, dat mat engem 2:1 zu Moskau, an Atlético Madrid hat vill Problemer mam RB Salzburg, konnt sech zum Schluss awer 3:2 duerchsetzen.

Real stoung schonn am zweete Match an der Grupp B ënner Drock, konnt sech mam 2:2 zu Gladbach awer just liicht dovunner befreien. Donezk bleift dann och am zweete Match ongeschloen a behält géint Inter Mailand ee Punkt doheem.

An der Grupp C gouf et all Kéiers eng Victoire fir d’Favoritten. Porto huet sech géint Piräus mat 2:0 duerchgesat a Manchester City wënnt 3:0 zu Marseille.

Aus engem 0:2 géint Ajax Amsterdamm konnt Atalanta Bergamo nach en 2:2 maachen. Am anere Match vum Grupp D wënnt Liverpool mat 2:0 géint Midtjylland.

Grupp B

Borussia Mönchengladbach - Real Madrid 2:2
1:0 Thuram (33'), 2:0 Thuram (58'), 2:1 Benzema (87'), 2:2 Casemiro (90+3)

An den éischten 20 Minutte ass eppes kloer ginn. Keng vun den zwou Ekippe wollt sech hei verstoppen, ma richteg Golchance waren dobäi net erauskomm. Real koum dono besser an de Match an hat däitlech méi vum Spill, och mol deen een oder aneren Ofschloss. Ma an der 33. Minutt huet Gladbach de Ball zeréckgewonnen an de Plea konnt eng excellent Pass an d’Déif gespillt, déi den Thuram direkt verwäerte konnt, dat mam éischte Schoss op de Gol vun der Heemekipp.

Gladbach-Real 1:0 Thuram
An enger Phas, wou Real Drock gemaach huet, konnt Gladbach den éischte Gol markéieren.

Real war no dësem Gol e bësse geschockt, huet awer weider vill Ballbesëtz gehat an Drock gemaach, dat awer ouni vill Succès.

Nom Säitewiessel ass Real besser an de Match komm an hat och direkt e puer gutt Chancen. Gladbach stoung e bëssen ënner Drock an huet emol iwwer Konter sech e bësse befreit. No 58 Minutte gouf d’Situatioun fir Real nach méi uerg. Eng Flank vum Rainer koum bei de Pléa, deen dëse Volet hëlt. De Courtois konnt dëse Schoss paréieren, ma de Ball fält dem Thuram virun d’Féiss, deen aus 5 Meter wéineg Problemer hat, de Ball iwwert d’Linn ze drécken.

Gladbach-Real 2:0 Thuram
Nees konnt Gladbach no engem séieren Ugrëff markéieren.

Real huet nach e puer Minutte gebraucht, bis si nees an de Match fonnt hunn. Och hir zwee Wiessel hunn dozou gefouert, datt si nees méi Drock konnten opbauen. Eng gutt Chance hat dunn den Hazard, deen de Ball awer no 75 Minutte knapp laanscht de Gol geschoss huet. Wéi sollt et anescht sinn, wéi datt eng schlecht Flank vum Real zu Gol féiert. De Casemiro konnt d’Flank nach just virum aus retten a säi Kappball koum direkt op de Benzema, dee verkierze konnt.

Gladbach-Real 2:1 Benzema
Aus enger schlechter Flank, déi verzu war, konnte Casemiro a Benzema awer nach eppes maachen.

6 Minutte méi spéit war et dëst d’Kéier de Casemiro, dee fir de Real treffe konnt. Hie konnt eng gutt Pass vum Ramos verwäerten a kann esou quasi mam Ofpëff den Ausgläich markéieren.

Gladbach-Real 2:2 Casemiro
An der Nopsillzäit konnt Real nach ausgläichen.

Shachtar Donezk - Inter Mailand 0:0

Resumé vun Shakhtar Donezk - Inter Mailand
Kee Gewënner gouf et an dësem Match vum Grupp B.

Grupp A

Lokomotiv Moskau - Bayern München 1:2
0:1 Goretzka (13'), 1:1 Miranchuk (70'), 1:2 Kimmich (79')

Atlético Madrid - RB Salzburg 3:2
1:0 Llorente (29'), 1:1 Szoboszlai (40'), 1:2 Berisha (47'), 2:2 Joao Félix (52'), 3:2 Joao Félix (85')

Resumé Grupp A
Bayern konnt zu Moskau gewannen, Atlético Madrid wënnt knapp géint Salzburg.

Grupp C

FC Porto - Olympiakos Piräus 2:0
1:0 Vieira (11'), 2:0 Sergio Oliveira (85')

Olympique Marseille - Manchester City 0:3
0:1 Torres (18'), 0:2 Gündogan (76'), 0:3 Sterling (81')

Resumé Grupp C
Porto wënnt doheem géint Piräus, Manchester City wënnt auswäerts zu Marseille.

Grupp D

FC Liverpool - FC Midtjylland 2:0
1:0 Jota (55'), Salah (90'+2, p)

Atalanta Bergama - Ajax Amsterdam 2:2
0:1 Tadic (30',p), 0:2 Traore (38'), 1:2 Zapata (54'), 2:2 Zapata (60')

Resumé Grupp D
Atalanta konnt sech géint Ajax zeréckkämpfen a Liverpool huet sech et e bësse schwéier géint Midtjylland gemaach.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO