Internationale FuttballReal verléiert géint Mallorca an domadder och d'Tabellespëtzt

RTL Lëtzebuerg
Neie Leader am spuenesche Championnat ass elo Barcelona. D'Ekipp ronderëm de Messi huet mat 3:0 zu Eibar gewonnen.
© AFP (Archiv)

Premier League

Tottenham - Watford 1:1
0:1 Doucouré A. (6'), 1:1 Alli (86')

Den Tabelleleschte vu Watford huet Tottenham schonns an der 6. Spillminutt geschockt. Den Doucouré huet no Flank vum Janmaat de Bal an de Gol gesat. Watford hat weider gutt Chancen, den 2:0 ze markéieren. Ma den Aurier huet seng Ekipp mat gudde Reflexer am Spill gehalen. Laang huet et no enger Néierlag virun den eegene Spectateure fir d’Lokaleipp ausgesinn. Ma an der 86. Spillminutt huet den Alli de Bann gebrach, an no engem Feeler vum Golkipp den 1:1 geschoss. Trotz dem Gläichspill kéint et fir den Trainer vun Tottenham Mauricio Pochettino ongemittlech ginn. No 9. Spilldeeg huet Tottenham schonns 12 Punkte Retard op den Tabelleleader Liverpool, déi 1 Match manner gespillt hunn.

Chelsea - Newcastle 1:0
1:0 Alonso (73')

Crystal Palace - Manchester City 0:2
0:1 Gabriel Jesus (39'), 0:2 Silva (41')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

La Liga

Mallorca - Real Madrid 1:0
1:0 Junior (7'), Giel-Rout Odriozola (74')

Näischt ze feieren hat e Samschdeg Real Madrid. D’Ekipp vum Zidane huet auswäerts iwwerraschent mat 0:1 géint Mallorca verluer. Den decisive Gol huet de Junior schonn an der 7. Minutt geschoss. Vun der 74. Minutt u waren d’Gäscht nëmmen nach zu 10 um Terrain, den Odriozola war mat Giel-Rout fréizäiteg an d’Kabinne geschéckt ginn. Duerch dës Defaite fält Real op déi zweete Plaz an der Tabell zeréck. Leader ass elo Barcelona mat engem Virsprong vun 1 Punkt.

Eibar - Barcelona 0:3
0:1 Griezmann (13'), 0:2 Messi (58'), 0:3 Suarez (66')

Eibar huet virun allem an den Ufanksminutte gutt dogéint gehalen, an hat och déi eng oder aner Chance. No engem Feeler vum De Blasis konnt an der 13. Minutt de Griezmann fir Barcelona den 1:0 markéieren. Alles an allem huet Barcelona am ganze Match d’Präzisioun am leschten Drëttel gefeelt, sou dass Eibar duerch eng kämpferesch Leeschtung am Match bliwwen ass. An der 2. Halschent huet Barca dunn hir spilleresch Klass gewisen. De Messi mam 2:0 a de Suarez mam 3:0 hunn an der 2. Halschent fir d’Katalane markéiert an de Sak zougemaach.

Atletico Madrid - Valencia 1:1
1:0 Costa (36'), 1:1 Parejo (82'), Rout Kaart Kangin vu Valencia (90'+1)

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Ligue 1

Metz - Nantes 1:0
1:0 Diallo (86')

Am franséische Championnat huet Metz sech mat 1:0 géint Nantes duerchgesat. Den decisive Gol fir den Opsteiger huet den Diallo an der 86. Minutt geschoss. Nantes stoung no enger Rouder Kaart vum Wague an der 62. Minutt nëmmen nach zu 10 um Terrain.

De Resumé vum Match fannt Dir bei eise Kollege vum 5minutes.

Toulouse - Lille 2:1
1:0 Sanogo (58'), 2:0 Gradel (66'), 2:1 Fonte (90'+2')

Keng Punkte goufen et um 10. Spilldag fir Lille. D’Ekipp vum Gérard Lopez huet auswäerts mat 1:2 géint Toulouse de Kierzere gezunn. Nodeems an den éischte 45 Minutte keng Goler gefall waren, huet Toulouse sech duerch Goler vu Sanogo (58') a Gradel (66', Eelefmeter) mat 2:0 a Féierung bruecht. An der 82. Minutt hat Toulouse d’Chance duerch e weideren Eelefmeter op 3:0 ze erhéijen, ma de Gradel konnt dat ronnt Lieder net am Gol ënnerbréngen. Lille huet bis zum Schluss probéiert, fir de Match nach ze dréien, ma den 1:2 duerch de Fonte an der 3. Minutt vun der Nospillzäit koum ze spéit.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Serie A

Juventus - Bologna 2:1
1:0 Ronaldo (19'), 1:1 Danilo (26'), 2:1 Pjanic (54')

Juventus Turin bleift och um 8. Spilldag ouni Néierlag. Den italienesche Champion huet sech mat 2:1 géint Bologna duerchgesat. An der 19. Minutt hat de Ronaldo d’Lokalekipp mat 1:0 a Féierung bruecht. Nëmme 7 Minutte méi spéit huet den Danilo fir d’Gäscht ausgeglach. No der Paus huet de Pjanic d’Juve nees a Féierung bruecht. D’Lokalekipp huet dësen Avantage du mat enger souveräner Leeschtung iwwert d’Zäit bruecht. och

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO