
En Haus an der Haaptstad, respektiv an der direkter Ëmgéigend an deem sech Héichleeschtungssportler kënnen zeréckzéien oder esouguer iwwernuechten, wa se méi wäit vun der Stad Lëtzebuerg ewech wunnen awer do trainéieren, wäert an nächster Zukunft net kommen.
D’Iddi fir esou en Haus hei zu Lëtzebuerg war vum COSL komm. De Sportminister Georges Engel hat awer elo an enger parlamentarescher Fro vun der CSV, d’Positioun vun der Regierung an deem Dossier duergeluecht.
“Do hu mer geäntwert, datt dat net an de Prioritéite vum Sportministere am Moment läit. Éischtens well mer mat eise Sue mussen haushalten, an do net all Projet kënne realiséieren. Zweetens ass an engem Land vun 90 Kilometer längt a 50 Kilometer breet eppes anescht wéi dat a Frankräich, Däitschland, Spuenien oder Portugal de Fall ass, do kann een esou Haiser och besser vertrieden.”
De Sportminister weist awer drop hin, datt elo am September an der Coque esou eng light Versioun vun der Iddi opgeet.
“De Recovery-Zenter an der Coque, dat ass dann ebe grad en Zenter, wou Sportler kënnen higoen, fir sech kënnen ze erhuelen, fir kënne mat hirem Trainer ze schwätzen, awer och fir an enger roueger Phas Musek ze lauschteren, also een Rückzugsort, wou sech Sportler da kënnen erhuelen. Ech mengen datt deem da ganz gerecht kënnt, wat esou en Haus géif dann do vun Funktioun iwwerhuelen.”Dat Haus fir Sportler hei zu Lëtzebuerg, ass awer net ze verwiesselen mam Luxembourg House am Kader vun den Olympeschen Summerspiller d’nächst Joer zu Paräis. Dat Haus krut jo e Freideg am Regierungsrot de Feu Vert. Dat gëtt an der franséischer Haaptstad eng Plaz, wou sech Lëtzebuerger Sportler, Fonktionären, Supporter an auslännesch Gäscht kënnen treffen.