
D’Olympesch Spiller zu Tokio sinn den Ament vum 23. Juli bis den 8. August 2021 geplangt. Den Organisatiounscomité huet elo ee Verhalenskodex vu 54 Säiten erausbruecht. Dësen ass speziell un d’Corona-Pandemie ugepasst.
Reegelméisseg wäerten Tester vun de Sportler gemaach ginn, Rieds geet vun all 4 bis 5 Deeg, an och de Kontakt ënnert den Athlete soll limitéiert sinn. De Fall gesat et géif ee sech net un d’Reegelen halen, kënne Strofen a Kraaft trieden.
Wat d’Spectateuren aus der Welt ugeet, ass et Stand elo wuel erlaabt, dobäi ze sinn, allerdéngs muss ee konstant seng Mask unhunn an et wäert net erlaabt sinn, fir d’Sportler haart ze encouragéieren, respektiv no engem Gol oder Kuerf ze feieren.
De Chef vun Tokio 2021 Toshiro Muto sot et géif éischter “einfach anstatt festlech” ginn.
Enger Aschätzung vun den Organisateuren no kascht d’Verréckele vun den Olympesche Spiller zu Tokio wéinst der Pandemie ronn 1,9 Milliarden Dollar. Dat huet d’Zeitung “Yomiuri” e Mëttwoch geschriwwen, déi sech op Insider beruffen. Déi japanesch Regierung an den Internationalen Olympesche Kommitee (IOC) haten am Mäerz déi fir dëst Joer geplangte Spiller op 2021 geréckelt. Virdru war e Käschtepunkt vun 13 Milliarden Dollar fixéiert ginn.