
Am Mäerz, wann d’Reprise vum Jugendchampionnat ass, geet et bei deene Jonke vu 5 a 6 Joer verstäerkt drëm, souvill wéi méiglech Spaass mam ronne Lieder ze hunn.
Dat ganzt koum awer, well ee bei den U-7 en erschreckende Constat gemaach huet. “D’Kanner touchéieren de Ball net genuch, wann ee 6 géint 6 spillt. Mir hunn d’Touchen an de Matcher gezielt an do koum eraus, datt verschidde Spiller de Ball net eng Kéier beréiert hunn. Wéi soll een do Futtballspille léieren?”, esou de Claude Campos, Responsabele bei der FLF vum Grassroots Programm, deen ebe grad fir esou Initiativen do ass.
An dat Wichtegst am Futtball fir d’Kanner ass an der aktueller Form, quasi ausbliwwen: “Mir hunn och d’Goler gezielt an et goufen an der Moyenne just 1,5 Goler geschoss.”
Bei der FLF, huet een elo probéiert, d’Reform esou ze maachen, datt d’Reegelen esou einfach wéi méiglech sinn. “D’Goler sinn einfach, Hittercher oder Staangen. Et soll e bëssen esou si wéi fréier am Schoulhaff. Et gëtt elo 3 géint 3 gespillt.”, esou nach de Claude Campos.
An Zukunft mussen d’Trainere bei de Bambini den Oflaf steieren. Dat heescht, d’pedagogesch Approche ass ëm esou méi wichteg, seet de Manu Cardoni, Jugendnationaltrainer bei der Lëtzebuerger Futtballfederatioun. “Et hëlt den Drock eraus. Trainer sollen zesummeschaffen. Et geet am Match net ëm d’Trainer, mä ëm d’Kanner.”
Am Mäerz geet et also bei de Bambini mat der Reform lass. Wichteg ass och, datt d’Elteren agesinn, datt et bei de Kanner virun allem ëm d’Freed mam Futtball geet an datt et net schonn d’Finall vun der Champions League ass.