
Déi Diddelenger haten d‘Fro opgeworf, ob de Jeff Strasser am Match vum 16. Spilldag an der ieweschter Divisioun géint si op der Trainerbänk vu Nidderkuer hätt dierfe sëtzen. D‘Verbandsgeriicht vun der FLF huet also elo an éischter Instanz decidéiert, datt den Trainer vum Progrès seng 5. giel Kaart, déi hie virun der Wanterpaus krut, entweder bei engem Match vun der Coupe du Prince, also der Coupe vun de Junioren oder an engem Match vum Futsal konnt ofsëtzen. Dëst waren op jiddwerfalls déi zwee eenzeg méiglech Rendez-vousen, tëscht deem leschte Match an der ieweschter Divisioun bei de Senioren virun der Wanterpaus an där éischter Partie duerno. Den éischte Match no der Wanterpaus war eben den 12. Februar tëscht dem F91 an dem Progrès. Nidderkuer huet 4-1 zu Diddeleng gewonnen, an behält deemno emol och seng 3 Punkten. De Conseil vum F91 Diddeleng analyséiert elo d‘Urteel vum Verbandsgeriicht a wäert dann Ufank der nächster Woch decidéieren, ob een an Appell geet oder net.
Am Artikel 64, op dee sech d‘Verbandsgeriicht bezitt, steet „Toute suspension s‘étend à l‘ensemble des activités dans un club.“ Dat heescht am Kloertext, all Spär kann bei egal wéi enger Aktivitéit vum Club ofgesiess ginn. Lo kéint een dee Saz natierlech ad absurdum feieren.
Juristen aus dem Futtball-Milieu si sech awer eens, deen Artikel esou heescht alles an näischt. Mat der aktueller Situatioun schéngt awer och kloer, esou op jiddwerfalls eng Rei Responsabeler vun de Veräiner, datt d‘Statuten, respektiv méi richteg ausgedréckt, de Réglement interne vun der FLF, an dësem spezielle Fall awer och nach an enger Rei anere Punkten iwwerschafft muss ginn.