NFL - Week 15Rekord-Comeback vun de Vikings, historesch schlecht Performance vum Tom Brady

RTL Lëtzebuerg
Donieft wannen d'Buffalo Bills ee wichtege Match géint d'Miami Dolphins an d'Detroit Lions setze sech géint d'New York Jets duerch.
© AFP

Indianapolis Colts - Minnesota Vikings 36:39

0:33 stoung et aus der Siicht vun de Minnesota Vikings. Alles huet no engem Debakel ausgesi fir d’Ekipp ronderëm de Star-Wide-Receiver Justin Jefferson, ma dunn hu si e Rekord-Comeback gestart. Um Enn wannen d’Vikings de Match no Verlängerung mat 39:36 a schreiwen domat net nëmmen NFL-Geschicht, ma gewannen och fir déi éischte Kéier zanter 2017 d’NFC North. Virun allem dem Colts-Quarterback Matt Ryan misst dës Néierlag nees extra wéidoen. Hie stoung nämlech souwuel bei dësem Match wéi och beim gréisste Comeback an engem Super Bowl béid Kéieren op der Verléierersäit.

Miami Dolphins - Buffalo Bills 29:32

D’Buffalo Bills gewanne géint d’Miami Dolphins een Division-internt Duell a kënne sech an der AFC East domat elo liicht ofsetzen. De Bills-Quarterback Josh Allen hat ee richteg gudden Dag erwëscht an huet de Ball fir 304 Yards a 4 Touchdowns geheit. Donieft ass hien och nach fir 77 Yards gelaf. Et war eng ganz enk Partie, déi ganz zum Schluss duerch e Field Goal vum Bills-Kicker Tyler Bass decidéiert gouf. Domat stinn d’Bills elo schonns sécher an de Playoffs.

Detroit Lions - New York Jets 20:17

D’Detroit Lions kënne weiderhin iwwerzeegen a si hunn elo 6 vun hire leschte 7 Matcher gewonnen. E Sonndeg konnte sech d’Lions virun allem opgrond vun enger gudder defensiver Leeschtung mat 20:17 géint d’Jets duerchsetzen. D’Ekipp vun New York huet nees op de Quarterback Zach Wilson missen zeréckgräifen, well de Mike White nach ëmmer blesséiert ass. Mat enger fataler Interception huet de Wilson dann och leider nees bewisen, firwat hien, wann de White fit ass, just nach op der Bänk dierf Plaz huelen.

Cincinnati Bengals - Tampa Bay Buccaneers 34:24

D’Tampa Bay Buccaneers ronderëm de Star-Quarterback Tom Brady hunn an der Course ëm d’Playoffs ee weidere Réckschlag missen astiechen, well géint d’Cincinnati Bengals gouf et schonns déi 8. Néierlag fir dës Saison. Dobäi hat de Match fir d’Bucs eigentlech richteg gutt ugefaangen, si louchen nämlech séier mat 17:0 am Avantage, sollten um Enn awer mat 24:34 verléieren. Fir den Tom Brady war et een historesch schlechten Dag, hien huet nämlech zwou Interceptions geheit an de Ball véier Mol gefumbled. Fir de Brady ass et iwwregens och déi éischte Kéier a senger 23 Joer laanger NFL-Karriär, datt hien aacht Matcher an enger Saison verléiert.

All d’Resultater am Iwwerbléck

San Francisco 49ers - Seattle Seahawks 21:13
Indianapolis Colts - Minnesota Vikings 36:39
Baltimore Ravens - Cleveland Browns 3:13
Miami Dolphins - Buffalo Bills 29:32
Philadelphia Eagles - Chicago Bears 25:20
Atlanta Falcons - New Orleans Saints 18:21
Detroit Lions - New York Jets 20:17
Pittsburgh Steelers - Carolina Panthers 24:16
Dallas Cowboys - Jacksonville Jaguars 34:40
Kansas City Chiefs - Houston Texans 30:24
Arizona Cardinals - Denver Broncos 15:24
New England Patriots - Las Vegas Raiders 24:30
Tennessee Titans - Los Angeles Chargers 14:17
Cincinnati Bengals - Tampa Bay Buccaneers 34:24
New York Giants - Washington Commanders 20:12

Back to Top
CIM LOGO