SchwammenRémi Fabiani mat neiem nationale Rekord iwwer 50 Meter Crawl

RTL Lëtzebuerg
Beim Schwamm-Meeting "Sette Colli" zu Roum huet den 19 Joer ale Schwëmmer am Virlaf iwwer 50 Meter Crawl no 22 Sekonnen a 54 Honnertstel ugeschloen.

Domat huet de Rémi Fabiani den alen nationale Rekord vum Julien Henx vum Euro Meet 2020 ëm 15 Honnertstel verbessert. Domat war hien och méi séier wéi d’Olympia-B-Norm, déi läit bei 22,67 Sekonnen. Dem 19 Joer ale Schwëmmer seng eege Beschtzäit louch virdru bei 23,66 Sekonnen.

De Rémi Fabiani war méi wéi frou iwwer seng Course a konnt et bal net gleewen, datt him esou eng gutt Zäit gelongen ass.

Back to Top
CIM LOGO