
Et bleift weider ganz spannend am Grupp C. Virum leschte Spilldag steet Italien mat 15 Punkten op der éischter Plaz an der Tabell. Och d’Schwäiz huet 15 Punkten um Konto. Béide Ekippen hu sech e Freideg den Owend een 1:1 gedeelt, dobäi huet de Jorginho fir Italien an der 90. Minutt een Eelefmeter verschoss. Den Chelsea-Profi hat schonn am Allersmatch vum Punkt net getraff.
D’Squadra Azzurra huet dat bessert Golverhältnis a kéint um leschte Spilldag mat enger Victoire géint Nordirland d’Qualifikatioun an dréchen Dicher bréngen. D’Schwäiz brauch dogéint eng kloer Victoire géint Bulgarien oder muss bei engem knappe Succès op een Ausrutscher vun Italien hoffen.
Nordirland - Litauen 1:0
1:0 Satkus (18', Selbstgol)
Italien - Schwäiz 1:1
0:1 Widmer (11'), 1:1 Di Lorenzo (36')
Dänemark war scho virun dësem Spilldag fir d’WM qualifizéiert. E Freideg den Owend ass fir de Gruppenéischten awer nach eng Kéier eng Victoire dobäi komm an dat géint d’Färöer Inselen. Déi 2. Plaz ass fir Schottland, déi domadder am Playoff untrieden. D’Ekipp vun der Insel huet a Moldawien 2:0 gewonnen.
Moldawien - Schottland 0:2
0:1 Patterson (38'), 0:2 Adams (65')
Dänemark - Färöer Inselen 3:1
1:0 Skov Olsen (18'), 2:0 Larsen (63'), 2:1 Olsen (89'), 3:1 Maehle (90+3')
Éisträich - Israel 4:2
0:1 Bitton (33'), 1:1 Arnautovic (51', Eelefmeter), 1:2 Peretz (59'), 2:2 Schaub (62'), 3:2 Schaub (72'), 4:2 Sabitzer (84')
Reng rechneresch hunn d’Englänner d’WM-Qualifikatioun zwar nach net sécher, ma do dierft um leschte Spilldag wuel näischt méi ubrennen. D’Three Lions hunn dräi Punkte méi wéi Polen an déi ëm sechs Goler besser Goldifferenz. Um leschte Spilldag geet ee Punkt dann duer. Polen dierft Zweete ginn. Albanien, Ungarn, Andorra a San Marino hu keng Chance méi op eng vun den zwou éischte Plazen.
Andorra - Polen 1:4
0:1 Lewandowski (5'), 0:2 Jozwiak (11'), 1:2 Vales (45'), 1:3 Milik (45+2'), 1:4 Lewandwoski (73')
Ungarn - San Marino 4:0
1:0 Szoboszlai (6'), 2:0 Gazdag (22'), 3:0 Szoboszlai (83'), 4:0 Vécsei (88')
England - Albanien 5:0
1:0 Maguire (9'), 2:0 Kane (18'), 3:0 Henderson (28'), 4:0 Kane (33'), 5:0 Kane (45+2')