Internationale FuttballRennes wënnt Coupe de France a Barcelona ass Meeschter

RTL Lëtzebuerg
A Spuenien gewënnt Barcelona mat 1:0 géint Levante an ass no dëser Victoire neie Champion a Spuenien.
© afp (Archiv)

Am Spëtzematch an Italien deele sech Inter a Juventus no engem 1:1 d’Punkten. An der Premier League verléiert Tottenham géint West Ham a leeft Gefor d’Champions-League Plaz ze verléieren an an der La Liga a Spuenien gewënnt Atletico Madrid mat 1:0 géint Valladolid.

Coupe de France: Finall

Rennes - Paris SG 8:7 n.E.
Zimlech séier war Paräis no 2 fantastesche Goler mat 2:0 a Féierung gaangen. An der 13. Minutt huet de Neymar e Corner héich op Strofraumgrenz op den Dani Alves gespillt, deen huet de Ball direkt volley geholl an direkt an an de laangen Eck geschoss. No 22 Minutten war et de Neymar selwer deen no enger ganz staarker Pass vum Di Maria, de Golkipper mat engem Lob iwerwonnen huet. Rennes wollt sech an dëser Finall awer net sou einfach geschloe ginn a koum an der 40 zum Uschloss. No enger Flank vum Traore huet de Kimpembe de Ball an den eegene Gol geschoss. No der Paus huet Rennes gutt matgespillt a konnt an der 66. Minutt souguer ausgläichen. E Corner huet de Mexer an de Gol gekäppt.

No 90 Minutten sollt et dann an d’Prolongatioun goen an och do sollt kee Gol faalen mee an der 119. Minutt huet den Mbappé wéinst engem harde Foul nach déi glat rout Kaart gesinn.

Premier League

Tottenham - West Ham 0:1

Fir déi éischt kéier verléiert Tottenham am neie Stadion mat 0:1 géint West Ham United. An der 67. Minutt huet den Antonio den entscheedenden Gol schéissen. An der zweeter Halschent hat Tottenham eng schwaach Leeschtung gewisen a soumat verdéngt verluer. Soumat kéint hir Champions-League-Plaz nach eng kéier an d’Wackele geroden.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

La Liga

Atletico Madrid - Valladolid 1:0

Mat engem knappen 1:0 konnt Atletico Madrid géint Real Valladolid gewannen. An der 66. Minutt war et en Eegegol vum Fernandez deen de Match entscheet huet. An der Tabell huet huet Atletico déi 2. Plaz viru Real Madrid quasi sou gutt wéi sécher.

Barcelona - Levante 1:0

Barcelona gewënnt just mat engem knappen 1:0 géint Levante an dat no engem Gol vum Lionel Messi an der 62. Minutt. Mat dëser Victoire ass Barcelona de Championstitel an der La Liga net méi ze huelen!

© AFP

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Serie A

Inter - Juventus 1:1

Mat engem 1:1 ass et am Topmatch an Italien tëscht Inter Mailand a Juventus Turin op en Enn gaangen. An der 7. Minutt konnt Inter duerch en Dramgol vum Nainggolan a Féierung goen. No 62 Minutten war et dann awer de Cristiano Ronaldo deen den Ausgläich schéisse konnt. Inter Mailand bleift weider 3. an der Tabell.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO