Landgeriicht MünchenRibéry muss Lëtzebuerger Ex-Manager keng Provisioun vun 3 Millioune bezuelen

RTL Lëtzebuerg
Am juristesche Sträit mat sengem Lëtzebuerger Ex-Manager Bruno Heiderscheid gëtt et eng Victoire fir de Frank Ribéry.
© AFP

Den deemolege Beroder vum Futtball-Star wollt gutt 3 Milliounen Euro Provisioun fir de Ribéry-Wiessel vu Marseille bei Bayern München.

D’Landgeriicht zu München koum awer zur Conclusioun, datt den deementspriechende Kontrakt net echt wier an dem Ribéry seng Ënnerschrëft gefälscht gouf.

Wien d’Dokument gefälscht huet, war net Sujet vum Prozess, mä nëmmen, ob den Ex-Manager e Recht op dës Suen huet.

De Prozess huet 4 Joer gedauert.

Back to Top
CIM LOGO