BGL Ligue - Virschau (4)RM Hamm Benfica géint F91 Diddeleng (Match verréckelt)

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend ass den Optakt vun der BGL Ligue an dofir presentéiere mir Iech am Laf vun der Woch d'Matcher vum 1. Spilldag.

Den Duell RM Hamm Benfica géint den F91 Diddeleng vum éischte Spilldag gëtt eis d’Méiglechkeet, iech déi zwou Ekippen ze presentéieren.

BGL Ligue -Virschau: RM Hamm Benfica géint F91 Diddeleng

Och wann de Match tëscht dem RM Hamm Benfica an dem F91 Diddeleng vum éischte Spilldag am nationale Futtball wéinst engem positive Corona-Fall beim F91 ofgesot gouf, kucke mir an eiser Virschau op déi zwou Ekippen. Beim F91 ass an de leschte Méint villes geschitt an et gouf vill Mouvement. Ma och zu Hamm war et net vill méi roueg.

Verschiddener wäerte sech elo froen, wisou den RM Hamm iwwerhaapt an der héchster Divisioun untrëtt, well déi lescht Saison waren d’Spiller vum Cents op der 6. Plaz an der Éierepromotioun, wéi d’Championnat gestoppt gouf. Eng Fusioun mat der Millebaach huet dëst erméiglecht, wéi de President Paul Lopes erkläert.

Trainer vum nei fusionéierte Veräin ass de Pedro Resende, deen d’lescht Saison schonn den RM Hamm Benfica gecoached hat. Et gouf sech net esou spektakulär verstäerkt, wat d’Ambitiounen éischter méi bescheiden ausfale léisst. Haaptzil ass et, fir de Maintien ze packen.

Beim F91 sinn net grad 20 Spiller fortgaangen a virun allem wichteg Spiller wéi Sinani, Joubert, Schnell, Stolz. Eng gutt Partie vun hinne sinn op Hesper gewiesselt.

Vill gutt Spiller si bliwwen a gutt Elementer si bei de Kader dobäi gestouss, esou d’Analys vum neien Trainer Carlos Fangueiro. Et hätt ee gutt geschaaft an esou wier een an der Preparatioun gutt virukomm, deementspriechend zefridden ass den Trainer.

D’Ambitioune vum neien Trainer Fangueiro fir d’Championnat an d’Partie um Cents sinn éischter net präzis. All Match an der BGL Ligue wier schwéier an deemno wier et och schwéier virauszesoen, wou een um Enn vun der Saison géing stoen.

Net nëmme spillt d’Qualitéit vun de Kaderen eng Roll, mä och d’Aart a Weis, wéi d’Veräiner an natierlech d’Spiller mat der Kris ëmgoungen.

Den Iwwerbléck

BGL Ligue - Virschau (1): Munneref géint HueschtertBGL Ligue - Virschau (2): FC Wolz 71 géint Etzella EttelbréckBGL Ligue - Virschau (3): Victoria Rouspert géint Rodange

Back to Top
CIM LOGO