Neien TrainerRoland Vrabec iwwerhëlt beim Progrès Nidderkuer

RTL Lëtzebuerg
De 45 Joer alen Däitschen iwwerhëlt den Trainerposte beim Progrès Nidderkuer.
© Screenshot Facebook

Den neien Trainer gouf e Mëttwoch den Owend bei enger Pressekonferenz am Stade Jos Haupert virgestallt. De Roland Vrabec huet ee Kontrakt fir ee Joer ënnerschriwwen, dat mat enger Optioun op e weidert Joer.

D’lescht Saison war fir de Progrès net déi einfachst. Fir d’éischt hat een de Paolo Amodio entlooss a spéiderhin och de Cyril Serredszum. Fir déi lescht zwee Matcher souz de Mario Mutsch op der Trainerbänk.

Mam Vrabec soll elo nees méi Stabilitéit hier. De 45 Joer alen Trainer war bis elo bei St.Pauli, FSV Frankfurt a Vaduz Trainer. Mat Vaduz huet hien zweemol d’Coupe a Liechtenstein gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO