Elo offiziellRonald Koeman gëtt neien Trainer vum FC Barcelona

RTL Lëtzebuerg
"Wëllkomm doheem", mat deene Wierder huet den FC Barcelona d'Arrivée vun hirem neien Trainer op Twitter annoncéiert.
© AFP

De Koeman huet vun 1989 bis 1995 fir Barcelona gespillt an huet an där Zäit den Europapokal vun de Championen a véier Mol de spuenesche Championstitel gewonnen.

Elo kënnt den Hollänner als Trainer zeréck op Barcelona an ënnerschreift do e Kontrakt bis 2022. Domat geet fir de Koeman en Dram an Erfëllung, well nach am Mäerz hat hien an engem Interview mat der spuenescher Zeitung Marca gesot, dass hien hofft, enges Daags Coach vu Barcelona kënnen ze ginn. Dëst ass elo Realitéit.

Viru Barcelona war hie schonns bei diverse Veräin aktiv: Vitesse Arnhem, Ajax Amsterdam, Benfica Lissabon, PSV Eindhoven, FC Valencia, AZ Alkmaar, Feyenoord Rotterdam, FC Southampton, FC Everton an zanter 2018 ass hien Trainer vun der hollännescher Nationalekipp.

Den Hollänner gëtt Successeur vum Quique Setién, deen no der 2:8-Néierlag an der Champions League huet misse Plaz maachen.

Back to Top
CIM LOGO